3-Schichten-Iessen 2024

Santa Lucia Paradeplatz Waaggasse 5, Zürich, Switzerland

Léiwen LSZ'ler, wei schon ugekennegt fënnt en Donnesden 18. Abrëll um 19:30 am Restaurant Santa Lucia (Adresse: Waaggasse 5, 8001 Zürich, Schweiz) d'3-Schichten Iessen vum Zürcherbal 2023 statt. Fir dass mir wessen mat weivill Leit mir kenne rechnen bieden mer dech, dech bis en Meinden den Owend (15.4) unzemellen, wous du och direkt den Menu […]

Budapest 2024

Léif LSZler,   An e puer Wochen ass et nees esou wäit, d’Clubrees 2024 steet virun der Dier. Dëst Joer traue mer eis e bëssi méi wäit ewech vun Zürech, an zwar fuere mer duerch fënnef Länner der Donau no bis an d’Haaptstad vun Ungarn, op Budapest.   Mir wäerten Donneschdenowend, de 25. Abrëll den […]

Sola 2024

Léif Leefer a Leeferinnen, D’Ouschtervakanz ass wei ëmmer nees ze kuerz gewiescht an et geet direkt nees weider mam Summersemester, dat heescht awer och dass wei all Joers erëm d'SOLA stattfënnt. D'SOLA ass e Staffellaf vum ASVZ iwwert 114,77km, opgedeelt a 14 Etappen, den duerch ganz Zürech geet. Dat ganzt fënnt dëst Joer de 4. […]

SPL 2024

Zunfthaus zur Meisen Münsterhof 20, Zurich, Switzerland

Léif LSZ’ler, Mir hunn déi grouss Freed iech den 18. Mee an d'Zunfthaus zur Meisen (https://www.zunfthaus-zur-meisen.ch/) op d’SPL ze invitéieren. Bei dëser SPL wäert et nees de Fall sinn, dass och Alumnien, also LSZ’ler, déi viru mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbrénge wäerten. Dir hutt […]

SPL 2024 Alumni

Zunfthaus zur Meisen Münsterhof 20, Zurich, Switzerland

Léif Alumnis vum LSZ, Fir de Kontakt tëscht den LSZler an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen, invitéiere mir Iech ganz häerzlech den 18. Mai op eis traditionell SPL.  D’Konzept vun der SPL sollt deene meeschten nach bekannt sinn: En 3-Gang-Menü an enger schicker Ambiance mat, aus Lëtzebuerg importéiertem, Wäin a Cremant fir den ETH […]

Stammdesch Uetlibierg 2024

Léif LSZler Gläich ass et endlech sou wäit, e Samschden, de 25. Mee gi mir fir eise leschte Stammdësch vum Semester op den Uetlibierg, fir uewen ze grillen. Dofir treffe mer eis um 15 Auer beim Triemli, fir dann all zesumme rop ze trëppelen. Sidd weg pünktlech an huelt ee Rucksak mat. Et wäert provisoresch […]

Beerpong Tournoi 2024 – intern

Léif LSZler, Geschwënn ass d Semester schonn erëm laanscht, dat heescht dass et och erëm Zäit fir eisen alljärleche Beerpongtournoi gëtt. Mir mussen dëst Joer dofir suergen, dass mir eis Coupe vu leschtem Joer erëm verteidegen. Schnappt iech also ären Beerpong Partner a kommt, den 30. Mee um 18 Auer bei d’Holderbachhütte um Hönggerberg, fir […]

Beerpong Tournoi 2024 – extern

 Leif Frënn vum LSZ, Heimat invitéiere mir iech offiziell, op eise Beerpongtournoi den 30. Mee um 18 Auer bei der Holderbachhütte. Do kennt dir erëm géint den LSZ untrieden an em den Titel vu Beerpongchampions vum Joer 2024 kämpfen. Mellt iech sou séier wéi méiglech un, (de Forms hei drënner geet de 15.05.2024 um 18:00 […]

Studentebal 2024

Léif LSZler, de 5. Juli um 20:00 fënnt der ACEL hier nächst Editioun vum Studentebal nees beim Parking Bouillon statt. Mir sinn dëst Joer och op är Hëllef ugewisen. An zwar brauche mir motivéiert Leit déi beim Op- an Ofriichten hëllefen an um Owend selwer bei eisem Comptoiren zerwéieren. Jiddereen den eng Hand mat upaakt […]

First Contact 2024

Alumni Quattro Lounge Stefano-Franscini-Platz 5, Zürich, Switzerland

Den LSZ invitéiert dech häerzlech op de First Contact, wou mir dech kenneléiere kennen, an e flotten Owend verbréngen.