Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Budapest 2024

April 25 - 20:00 - April 29 - 09:00

Léif LSZler,

 

An e puer Wochen ass et nees esou wäit, d’Clubrees 2024 steet virun der Dier. Dëst Joer traue mer eis e bëssi méi wäit ewech vun Zürech, an zwar fuere mer duerch fënnef Länner der Donau no bis an d’Haaptstad vun Ungarn, op Budapest.

 

Mir wäerten Donneschdenowend, de 25. Abrëll den Nuetszuch zu Zürech huelen, an duerch d’Schwäiz, Liechtenstein, Éisträich, Däitschland an Ungarn fueren, fir Freidegmoien ausgeschlof zu Budapest unzekommen. Zeréck fuere mer Sonndenowend, soudass mer Méindes den 29. Abrëll em kuerz no 8h nees zu Zürech sinn.

 

Fir e flotte Programm wärend den dräi Deeg wäert natierlech och gesuergt sinn, en ass awer leider nach net 100% fest. Mir deelen iech alles mat, soubal de Plang steet. Genuch Zäit fir op eege Fauscht d’Stad ze entdecken ass awer sécher!

 

D’Participatioun steet doduerch och nach net ganz fest, mee se wäert ronderëm 140€ bis 160€ leien. Do sinn den Nuetszuch, den Hostel, ee gemeinsaamt Owesiessen a kleng Aktivitéiten déi mir all zesumme maachen, mat abegraff.

 

Dir kennt iech vum Dënschden, 26.03.2024 em 18h00 bis de Freiden, 29.03.2024 em 18h00 op eiser Website ënnert dësem Link (lsz.lu/event/budapest-2024/) umellen. D’Umeldunge verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB (lsz.lu/allgemeng-participatiouns-bedingungen-update-1/). 

 

D’Plaze sinn op 30 Persoune begrenzt a bannent de Kategorië vun de Prioritéite gellt de Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un!

 

Wann d’Umeldungsphas eriwwer ass, kritt dir Bescheed gesot, op dir eng Platz kritt hutt. Zu deem Zäitpunkt kritt dir och d’Detailer fir d’Participatioun ze bezuelen. Mir hunn aktuell nach e Problem mat der Confirmatiounsmail vun der Umeldung, dowéinst wonnert iech net, wann dir no ärer Submission keng Mail kritt.

 

Bei Froe kennt dir iech gär bei de Responsabele vun der Clubrees mellen: Cedric Mulders (cedric@lsz.lu) an Philippe Schaack (philippe.schaack@lsz.lu). 

 

Mir freeën eis op eng flott Rees mam LSZ,

 

Äre Comité

This form is currently closed for submissions.

Details

Start:
April 25 - 20:00
End:
April 29 - 09:00