Loading Events

« All Events

Sola 2024

May 4 - 08:00 - 17:00

Léif Leefer a Leeferinnen,

D’Ouschtervakanz ass wei ëmmer nees ze kuerz gewiescht an et geet direkt nees weider mam Summersemester, dat heescht awer och dass wei all Joers erëm d’SOLA stattfënnt. D’SOLA ass e Staffellaf vum ASVZ iwwert 114,77km, opgedeelt a 14 Etappen, den duerch ganz Zürech geet. Dat ganzt fënnt dëst Joer de 4. Mee statt a mir als LSZ sinn nees mat 2 Equippen um Start. Mir hunn eis geduecht genau ewéi d’lescht Joer erëm eng méi kompetitiv Equipe an eng déi méi fir de Spaass matleeft ze maachen. Dir fannt all d’zousätzlech Informatiounen hei, a fir dass mer och gutt virbereet sinn, géinge mir Laftrainingen organiséieren, wou ee sech da kann a Form bréngen egal ob een elo schonn e puer Joer Erfarung am Lafen huet oder eréischt viru kuerzem ugefaangen huet, et ass fir jiddereen eppes dobäi. Dir kennt iech ab elo bis den 2. Mee hei umellen.

LG,

Äre Comité

Sola 2024
Wëlls du an der kompetitiver Grupp mat lafen?

Details

Date:
May 4
Time:
08:00 - 17:00