Sport

Sport as eng wichteg Balance par rapport zum Unisliewen, dofir as all Student duerch seng  Semesterrechnung automatesch Member vum “Akademischen Sportverein Zürich” (ASVZ). Dee Veräin bitt der iwwer 120 Sportaarten un an dat wéi gesoot alles gratis. Mat enger top Infrastruktur kanns du op ville verschiddene Plaatzen wéi am Zentrum vun der ETH, um Hönggerberg oder um Campus Irchel vun der Uni Zürich Fussball, Tennis, Haalenhockey, Boxen an nach villes méi ausprobéiren.[www.asvz.ch]

Mee och den LSZ selwer ass sportlech aktiv. Sou bedeelege mir eis all Joer un diversen Aktivitéiten vum ASVZ, ewéi zum Beispill d’”Volleyballnight” (hei gëtt eng ganz Nuecht laang Volleyball gespillt) oder der SOLA-Stafette, do lafe mir dann als Ekipp aus 14 LSZ’ler eng Streck vu ronn 120 km duerch ganz Zürech a versichen all Joer eis Zäit vum Joer virdrun ze toppen. Nieft den ASVZ – Aktivitéiten geet den LSZ awer och all Wanter Ski a Snowboard fueren a genéisst puer flott Deeg zesummen an de Bierger. Wéi et sech fir e Lëtzebuerger Studentencercle gehéiert sinn mir och um Tournoi de Noël vertrueden wou mir géint aner Cerclen am Fussball an am Basketball untrieden.

Zousätzlech kanns de och an enger vun den LSZ-Equippen (Lafen, Schwammen, Fussball, Volleyball, Basketball…) matspillen déi dann wöchentlech eppes ënnert sech organiséieren.