Transport

Tram

Zürech ass a sougenannte Zonen agedeelt, wou een pro Zone an déier een reesen well bezuelen muss. Demno wéi laang, dass de während dem Joer zu Zürech wunns (iwwer 9 Méint) lount et sech ee Joresabonnement fir CHF 570.- ze huelen, wou d’Zone 110 abegraff ass.

Fir dei verschidden Zonen:

[https://www.zvv.ch/zvv/de/fahrplan/zonenplan.html] [www.vbz.ch] [www.zvv.ch]

Parken zu Zürech

Wann’s de mam Auto op Zürech kënns, hues de verschidden Méiglechkeeten däin Auto ze parken, entweder an enger Déifgarage op der ETH-Hönggerberg oder zu Zürich selwer op der Strooss, an der sougenannter „Blauen Zone”. Dofir brauchs de allerdéngs eng Parkbewilligung, déi’s de bei der „Dienstabteilung Verkehr” kriss. Dest geet awer just wann den Auto op dech agedroe ass (gro Kaart). Di éischt Méiglechkeet (ETH) kascht CHF 200.- d’Semester, déi zweet CHF 300.-. Fir all Besuch besteet d’Méiglechkeet online eng Parkkaart fir een Dag fir CHF 15.- ze kafen. [www.parkkarten.ch]

Rees Lëtzebuerg – Zürich

Fir vu Lëtzebuerg op Zürech ze fuere ginn et véier Méiglechkeeten:

  • Zuch,
  • Bus,
  • Auto,
  • Fliger.

Mam Zuch gëtt et bal all Dag eng gutt Verbindung mat der een an ënnert 5:30 Stonnen den Trajet tëscht Lëtzebuerg an Zürech ka maachen. Meescht muss een dann zu Mulhouse an/oder Basel ëmklammen. Präislech ass den Zuch sécherlech net déi bëllegste Variant mat em déi 70€ fir en eenzelen Trajet ouni Reduktiounskaart. Mat der Carte Jeune kann een awer séier emol 30€ am Frankräich spueren, an dëst bei enger Kaart déi een vir 50€ op der Stater Gare krit. Eng weider Reduktioun kann een mat der Halbtax an der Schwäiz kréien. De Virdeel um Zuch ass dat een ënnerwee eppes schaffe kann. Präislech kann een och nach e bëssi spueren, wann een den Ticket duerch Frankräich um franséische Site an den Ticket duerch d Schwäiz um schwäizer Site, hëlt. [www.sncf.fr] [www.sbb.ch]

Wien gäre méi bëlleg ënnerwee ass kann de Flixbus huelen. Dëse bitt Faarten ab 25€ vir een Wee un. Den Nodeel ass dass des meescht iwwert Nuecht sinn an een also eng Nuecht schlechte Schlof akaaf huele muss. [www.flixbus.de]

Op een selwer een zu Zürech huet oder net, den Auto ass ëmmer eng interessant Variant, well bal all Weekend fiert een Lëtzebuerger mat sengem Auto heem. Des Faart dauert ongeféier 4:30 Stonnen, ofhängeg vu Chauffeur, Trafic an Streck.
Üblecherweis féiert den Trajet ab Lëtzebuerg iwwert déi franséisch Autobunn laanscht Stroossbuerg via Basel an d’Schwäizer Autobunn op Zürech. Alternativ kann een am Ufank iwwert duerch Däitschland bis Saarlouis an dann iwwert Landstrooss d’Opfaart Saint-Avold op déi franséisch Autobunn. Ab der Sortie Saverne kann een via Molsheim d’Streck em Stroossbuerg ofkierzen. De Präis vun enger Faart mam Auto ass nieft dem Sprit ronn 15€ vir Péage am Frankräich an 40CHF pro Joer Vignette an der Schwäiz. Ab méi wéi enger Persoun am Auto ass dës
Variant also wierklech interessant. Vir Vermëttlung vu Chauffeuren a Passagéier gëtt et eng extra Facebookgrupp. [https://www.facebook.com/
groups/159076227572399]

Mam Fliger gëtt et eng direkt Verbindung vu Lëtzebuerg op Zürech vu Swiss Airlines. Des ass allerdéngs net grad bëlleg. Wann een Chance huet fënnt een Ticketen ab 70CHF, mat staarken Ënnerscheeder jee no Wochendag an ofhängeg wéi fréi am Viraus een reservéiert. Vir dee Präis krit een awer och dee mat Ofstand séiersten Transport gebueden, grad emol 1 Stonn ass de Fliger an der Luucht. [www.swiss.ch]