Wat kascht wéivill?

Semestergeld

ETH: CHF 730 pro Semester (Dobäi kommen nach ongeféier CHF 69.- Niewekäschten, zum Beispill den obligatoresche Bäitrag fir de VSETH, ASVZ, …).

UZH: CHF 720.- pro Semester.(Dobäi kommen nach 54 CHF obligatoresch Beiträg, wei z.B den ASVZ,…) Dozou kënnt dann och nach, dass Letzebuerger en “Zuschlag Bildungsausländer/innen” vun 500 CHF pro Semester bezuelen mussen. Soumat beleeft sech d’Semestergebühr op ronn 1280 CHF.

Loyer

CHF 800-1300.- pro Mount, ofhängeg vu Lag a Confort. Däi Loyer hänkt staark dovun of, waats du fir Erwaardungen un deng Wunneng hues. An enger WG ass et kee Problem eppes fir CHF 600-800.- ze fannen.

Bicher a Material

CHF 100.- pro Semester (hänkt staark vum Studiegang an perséinlecher Präferenz of). Am Original kaschten Bicher schnell CHF 50-100.- mee déi meescht Bicher fënnt een ouni Problem als PDF online an et kann een sech déi dann fir ënner 5 CHF op der ETH printen. 

D’Architekturstudente brauche relativ vill Material an all déi, déi am Labo schaffen, mussen nach mat zousätzleche Käschte vun ca. CHF 100 – 300.- pro Semester rechnen (Studiegäng Biologie a Chimie).

Liewenskäschten

ca. CHF 700.- pro Mount (staark variabel; hänkt vum perséinleche Liewensstil of, et ass definitiv méiglech enner CHF 500.- ze bleiwen wann een e bessen oppasst).

Tram

Zürech ass a sougenannte Zonen agedeelt, wou een pro Zone an déier een reesen well bezuelen muss. Demno wéi laang, dass de während dem Joer zu Zürech wunns (iwwer 9 Méint) lount et sech ee Joresabonnement fir CHF 570.- ze huelen, wou d’Zone 110 abegraff ass.

Fir dei verschidden Zonen:

[https://www.zvv.ch/zvv/de/fahrplan/zonenplan.html] [www.vbz.ch] [www.zvv.ch]

Televisioun a Radio

Wéi an Däitschland muss een sech an der Schwäiz melle, wann een e Radio oder eng Télé huet, fir Rundfunkgebühren ze bezuelen. Allerdéngs rode mir dir ze waarden bis d’SERAFE sech bei dir mellt, da kanns de e bësse vun dengem wéinege Geld e puer Méint spueren. De Präis beleeft sech op 365 CHF am Joer. Säit neistem ass all Apparat deen Fernseh- oder Radiosprogrammer empfänken kann gebührenpflichteg. Dozou gehéieren also och z.B. den Computer oder den Handy. [https://www.serafe.ch/]

Bankkonto an der Schwäiz

Soubal s de eng Wunneng an eng Openthaltsbewëllegung hues, kanns de e Kont bei enger Bank oder bei der Post opmaachen. Verschidde Banken hu speziell Studentekonten, wous de keng “frais de compte” bezuele muss an zum Deel och eng gratis VISA/MasterCard kriss. [www.postfinance.ch] [www.ubs.ch] [www.credit-suisse.ch[www.zkb.ch]

Akommensméiglechkeeten

Bei der ETH kanns de scho vum 3. Semester (ofhängeg vun dem Departement) un als Hëllefsassistent schaffen (Übungen a Praktika betreien, Computer antippen). Do verdéngs de ongeféier 28 Schwäizer Frang brutto pro Stonn. Weiderhin gëtt et natierlech och Studentenjobs wéi an all aner Stad. [https://www.studentjob.ch/]

Internet

Et gi verschidde Méiglechkeeten Accès un den Internet ze kréien. Déi éischt ass iwwer Modem oder ADSL bei den entspriechenden Telefon Provideren. [www.bluewin.ch] [www.tele2.ch] [www.sunrise.ch]

Et gëtt och e grousst Glasfasernetz zu Zürich, wou der all Informatiounen op hirer Websäit fannt. [http://www.meinzuerinet.ch//.html]

Eng aner Méiglechkeet ass iwwert d’Antenne vun der Televisioun. Heifir kritt een een extra Modem vun der Cablecom zur Verfügung gestallt. [www.cablecom.ch]

Handy

Du hues ee grousse Choix u Provideren, mat Offeren déi staark änneren, jee nodeem ob s de vill am Ausland oder an der Schwäiz telefonéiers. Nodeems d’Roamingkäschten an der EU ofgeschaaft gi sinn, hunn och all d’ Lëtzebuerger Provider hier Roaming- Käschte fir d’Schwäiz fale gelooss. Et mécht also Sënn och déi Lëtzebuerger Tariffer ze betruechten an seng lëtzebuerger Nummer mam lëtzebuerger Abo ze halen. Trotzdeem ass et praktesch eng schwäizer Nummer ze hunn ( fir z.B Twint (Schwäizer Digicash, Nachtzuschlag,…), mee dofir gi et Prepaidkaarten, déi een sech einfach zouleeë kann. [www.swisscom.ch] [www.sunrise.ch] [www.salt.ch] [www.m-budget-mobile.ch][www.yallo.ch]