Fraizäit

Jiddwereen, deen sech Zürich eraussicht fir do ze studéieren, huet wierklech keng Schwieregkeeten seng Fräizäit ze verbréngen, an dat net well d’Schoul een esou staark beschäftegt, datt ee guer keng Fräizäit méi hätt. Esou kann een am Wanter relativ liicht a schnell an d’Skigebitter kommen an sech e bëssi sportlech betätegen, am Summer dann huet een de Séi direkt viru senger Dir.

No (oder während) de Virliesungen kann ee mat Kollegen duerch d’Niederdorf spadséieren a ganz interessant Plazen entdecken. Hei fënnt een esou zimlech alles: Kleederbutteker mat dem “dernier cri” aus aktuellster Moud, awer och der mat “normalem” Sortiment, Bistroen, Pub’en a Restauranten, Kinoen, Jazzkelleren, … Ween sech et natierlech leeschte kann, kann och emol an d’Bahnhofstrasse akafe goen, oder op mannst sou maache wéi wann. An owes ass eng Hällewull Leit an der Stad. Déi kleng Gässelcher a Bistroten sinn

net siele strubbelvoll, an an de Puben ginn och emol d’Dëscher aus dem Wee geraumt fir eng Danzpist z’improviséiere well d’Musek einfach ze gutt ass fir roueg stoen ze bleiwen. An och a punkto Disco an Cluben kann Zürich mat deenen gréisste mathalen, well hei ass vun Elektro iwwer Techno bis zum Rock fir jiddereen eppes dobäi. Partye ginn et der all Dag genuch et muss een sech just kënnen decidéieren. Ween sech also owes zu Zürich langweilt, deen ass selwer schold, oder huet seng Sue schon de Weekend virdrun ausginn. [www.zuerich.usgang.ch]

Et ginn och eng Hällewull Méiglechkeete sech um kulturelle Plang ze betätegen. Dat geet vu Concerten, Festivaller, Musicalen, iwwert Operen, Ausstellungen [www.kunsthaus.ch], an Theateropféierungen bis hin zu Stroossefester a Festivaller an der ganzer Stad. [www.ticketcorner.ch] [www.opernhaus.ch] [www.schauspielhaus.ch].

All dräi Joer, d’nächste Kéier 2016 ass dat gréisste Fest an der Schwäiz: d’Zürifäscht. Während dräi Deeg steet d’Stad esou zimlech op der Kopp, wa ronn 2 Millioune Besicher sech ob Grillfester, Partyen a Concerten amuséieren. [www.zuerifaescht.ch]

D’Street Parade, déi et scho säit Ufank vun den 90er gëtt, huet d’Loveparade vu Berlin als gréissten Technoparty ofgeléist. All Joer am August rave bal eng Millioun Technofreaken am Zentrum vun der Stad. Trotz Examenszäit ass et bal ee Muss fir do dobäi ze sinn. [www.streetparade.ch]

Sportlech brauch Zürich sech och net mat senge Profiséquippen am Fussball an Äishockey ze verstoppen. Op alle Fall lount et sech ee mol de Wee an de Stadion ze fannen. [www.gcz.ch] [www.fcz.ch] [www.zsclions.ch]

Fir Liichathletikfans as och eppes dobai, d’Weltklasse Zürich, ee grousse Liichtathletiksmeeting aus der Diamond League as all Joer am Letzistadion. [www.weltklasse.ch]

Eppes ganz aneres as de Freestyle, hei trefft sech d’Weltklass vun de Snowboarder a Skifuerer déi spektakulär Tricker maachen. Dat ganzt ass am September beim Séi mat kënschtlechem Schnéi. [www.freestyle.ch]