Den LSZ – de Club vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürich

Natierlech däerf een eis net vergiessen, den LSZ, d’Lëtzebuerger Studenten zu Zürich. Mir suergen derfir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Mee wat bitt eise Club?

  • sportlech Aktivitéiten (SOLA, Hochschulmeisterschaften, Swisscup,…)
  • den Zürcher Bal
  • e chicen Owend mat Iessen zu Zürich am Mee (SPL)
  • eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern fir Nationalfeierdag
  • Kleeserchersowend
  • Grillowend mat Beerpong am Fréijoer
  • Virstellung, Stee an Aweiung vun deenen neien LSZ’ler
  • eng Clubrees am Fréijoer
  • Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt
  • an natierlech, wéi kann et aneschters sinn, e Schiweekend

Zousätzlech organiséiert den LSZ eemol am Joer e groussen Studenten Intercercle, den Clear-the-Bottles, wou dir är letzebuergesch Kollegen aus aneren Studentenstiedt an och schwaizer Kollegen kennt alueden a mat deenen e flotten Weekend kennt verbrengen. Vun enger Kéisfondue Freides Owes iwwert e Rallye duech dei schéin Staatdt Zürich bis d’Party Samsdes Owes selwer as fir genuch Programm gesuergt.

Den LSZ ass awer net nëmmen ee Party-Club, mee du kanns beim Comité och bei allméigleche Problemer ufroen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.

Wann s de wëlls Member ginn, da muss de CHF 20.- pro Joer bezuelen an dech aweie loossen (looss dech iwwerraschen, et ass awer net esou schlëmm!). D’Memberskaarte gëtt et bei eis all Joer ab Enn Oktober no der Assemblée Générale ze kafen.

Weider Informatiounen

Den LSZ organiséiert awer net nëmme Fester, Vakanzen a Weekender, mee hëlleft selbstverständlech jidderengem dee sech fir e Studium zu Zürich interesséiert. Wann s de nach Informatioune brauchs, da schéck eis eng Email oder schreif un eis Kontaktadress:

Étudiants Luxembourgeois à Zurich
Postfach: Hauptgebäude ETH
CH-8092 Zürich
E-Mail: comite@lsz.lu
[www.lsz.lu]

Mee déi bescht Informatiounen an Impressioune kriss du, wann s du eis eng Kéier an d’Schwäiz besiche kënns fir der d’Stad Zürich, d’ETH an d’Uni unzekucken. Zéck net dech bei eis ze melle wann s de eng Visite zu Zürich plangs.

Op eiser Homepage fënns de weider intressant Linken zum Thema Studium an Zürich awer och Kontaktdate vum Comité a Memberen fir der bei allfällegen Froen ze hëllefen. [www.lsz.lu]

Am “Guide du Futur Etudiant” vun der ACEL an an der Brochür “Let’s Engineer” vun der ANEIL sti weider Informatiounen iwwert de Studium zu Zürich an déi meescht technesch a wëssenschaftlech Studiefächer. [www.acel.lu] [www.aneil.lu]

De CEDIES steet dir och fir (bal) all Informatioune mat weidere Brochuren a Publikatiounen zur Verfügung. [www.cedies.lu]

Zu Zürich gëtt et och en Internet-Portal vun de Studente mat alle méiglechen Informatiounen. [www.students.ch]