Bürokratie

Openthaltsbewëllegung an Umeldung zu Zürech

Fir an der Schwäiz ze wunne brauchs de eng Openthaltsbewëllegung. Wann s de an deng Wunneng eraplënners, da muss de dech an deem fir däi Krees zoustännege Kreesbüro umellen (fro deen, deen der d’Wunneng verlount huet, wou deen as). 

Do muss du och eng Demande fir eng Openthaltsbewëllegung maachen. Dofir brauchs de: 

  • en Auswäis, deen nach op mannst 1 Joer gülteg ass
  • 1 rezent Foto
  • Studiumsbestätegung (Legitimationskarte)
  • eng Bescheinegung vun dengen Elteren, datt si fir däi Studium opkommen (+ evtl. eng Bescheinigung vun enger Bank, dass deng Elteren solvabel sinn)

Dobäi kann et sech z. B. och ëm eng Bescheinegung vun der Bank handelen, déi bestätegt, datt deng Elteren iwwer déi néideg finanziell Moyene verfüge fir der de Studium an der Schwäiz ze bezuelen.
D’Openthaltseneemegung gëllt nëmme fir 1 Joer (gëtt all Joer erneiert) a kascht 110 Schwäizer Frang. Ausgestallt gëtt dës Geneemegung vum  Migratiounsamt. Déi néideg Demarchen iwwerhëlt awer wéi gesot d’Kreesamt wann een sech bis do
ugemellt huet. [https://www.zh.ch/de/migration-integration/ einreise-aufenthalt/personenfreizuegigkeit-eu-efta. html#1811095949]

Nodems du beim Kreesamt wars, gëtt vun hinnen de ganzen Prozess mam Migratiounsamt duerchgefouert!  

[http://www.ma.zh.ch/internet/sicherheitsdirektion/migrationsamt/de/einreise_aufenthalt.html]

Krankeversécherung

Well all Lëtzebuerger schonn zu Lëtzebuerg krankeverséchert ass, kann een hei an der Schwäiz e “Gesuch zur Befreiung von der Versicherungspflicht” stellen. Soss muss een an eng Schwäizer Krankekees abezuelen.

Wat een dofir mécht ass folgendes: et waart een, bis d’”Städtische Gesundheitsdienste” sech bei engem mellt (normalerweis innerhalb vun dräi Méint). Deene schéckt een dann eng Kopie vun senger europäescher Krankeversécherungskaart an et fëllt een den Formular aus, datt een sech vun der Versécherungspflicht befreie wëll. Dëse Formular fënns de um Internet. [https://www.zh.ch/de/gesundheit/krankenversicherung.html#-176410988 ]

Et schéckt een de “Städtische Gesundheitsdienste” déi ganz Demande, déi dann an d’”Gesundheitsdirektion des Kantons Zürich” weidergeleet gëtt. Dës lescht schéckt der dann och déi definitiv Verfügung, déi 3 Joer gutt ass.

Wann een dann eng Kéier sollt krank ginn, brauch een nëmmen nach d’Schwäizer Doktersrechnung, mat Ugab vu senger Adresse a Kontosnummer, zesumme mat enger Kopie vun der europäescher Krankeversécherungskaart un d’

Gemeinsame Einrichtung KVG

Industriestrasse 78

CH-4600 Olten

[www.kvg.org]

ze schécken. Wann dat bis geschitt ass, kritt een an Zukunft all seng Schwäizer Dokter- a Medikamenter- Rechnungen direkt vun de Schwäizer an no Schwäizer Recht zeréck bezuelt (déi dann erëm d’Sue vun der Lëtzebuergescher Krankekees zeréckverlaangen). Bei grousse Behandlungen ass dat méi wéi de lëtzebuerger Tarif an et huet och de Virdeel dass een net muss iwwert déi lëtzebuerger Krankekees fueren.

Déi europäesch Krankeversécherungskaart soll een iwwregens ëmmer bei sech halen.

Auto: Führerschäin

Wann een an der Schwäiz wunnt, däerf een dem Gesetz no just dat éischt Joer mat auslänneschem Führerschäin Auto fueren. Lëtzebuerg gëtt awer als “grenznahes Ausland” ugesinn an dofir kënnen d’Lëtzebuerger Studenten nom éischten Joer eng “Bewilligung zum Benutzen eines unverzollten Fahrzeuges” kréien. Dat heescht: All Student mat dëser Bewëllegung däerf mat sengem Auto mat lëtzebuergeschem Nummereschëld an Assurance ganz legal an der Schwäiz fueren. Dofir muss de bei d’”Zollamt” goen.

Mathuele muss de:

  • Pass/Identitéitskaart
  • Pabeiere vum Auto (Gro Kaart!)
  • Legi
  • Auslännerausweis
  • CHF 25.-
  • Erweiterte Immatrikulationsbestätigung
  • En certificat de résidence vun denger Adress zu Letzebuerg
  • Mietvertrag vun denger Wunneng zu Zürich

Da kriss de nach en Ziedel auszefëllen, op deem se all méiglech Saache wësse wëllen; schreif drop, du géifs zwee Mol pro Mount heemfuere fir deng Famill ze besichen an du wäers an der Semestervakanz net hei. Duerno kriss de d’Geneemegung dann
heemgeschéckt.

Allerdéngs brauch een dann nach eng Bewëllegung fir mat sengem lëtzebuergesche Führerschäin an der Schwäiz fueren ze kënnen. Dës Demande gëtt vum Zollamt un d’Strassenverkehrsamt virugeleet, déi engem déi entspriechend Pabeieren dann zouschéckt. Do muss du dann nach engkeier 120 CHF bezuelen. D’Autorisatioun kriss du heemgescheckt, an solls de och zu all Moment an dengem Auto bei dir droen. [www.stva.zh.ch]

Eng aner Méiglechkeet besteet dran däi Lëtzebuerger Führerschäin an e Schwäizer Führerschäin ëmzeschreiwen. Wat s de heifir maache muss ass Folgendes: du gees op d’Websäit [https://www.zh.ch/de/mobilitaet/fuehrerausweis-fahren-lernen/auslaendischer-fuehrerausweis.html] a luets de Formulaire “Gesuch Umschreibung ausländischer Führerausweis“ erof. Dee fëlls de aus an hëls e mat bei en Optiker fir e Sehtest ze maachen. Duerno gëss de en um Strassenverkehrsamt zesumme mam Lëtzebuerger Führerschäin of. Däin neie Schwäizer Führerschäin hues de dann e puer Deeg duerno an der Post. Dat ganzt kascht ongeféier 100 CHF plus 10 CHF fir de Sehtest. Opgepasst: wann s du en eegenen Auto mat Lëtzebuerger Plaque hues, da geet dat hei net. Da muss de Prozedur, déi uewe beschriwwen ass, duerchlafen. Fir de Führerschäin ëmzeschreiwen hues de 5 Joer Zäit no deem s de an d’Schwäiz geplënnert bass. Wann s de also herno eventuell do schaffe wëlls, dann denk drun et ze maachen. Soss muss de den Exame frësch maachen.