How to Zürich

 

D’Schwäizer maachen eis Lëtzebuerger Studenten d’Ukommen an hirem Land net ëmmer ganz einfach. Um Wee vun der Aschreiwung bis zu deem Moment wou een de ganze Pabeierkrom hannert sech bruecht huet, muss een ob di eng oder aner Saach gutt oppassen. Dowéinst hunn mir fir iech e klengen «How To» zesummegestallt, wou dir gesitt wei dir Schrëtt fir Schrëtt sollt virgoen.

 

 

Step 1: Umellen

Als éischt musst dir Iech umellen. Zu Zürich hut der de Choix tëscht villen verschiddenen Schoulen, mir erklären iech hei wei et bei deenen zwou bekanntesten geet: d’ETH Zürich an d’Uni Zürich. D’Frist ass bei béiden den 30. Abrell.

ETH Zürich

D’Konditiounen, fir op der ETH ugeholl ze ginn, sinn eng gepackte Première B, C oder I mat enger Moyenne vu Minimum 40/60 aus 3 Fächer zesummen (Moyenne aus Mathe, beschter Science, beschter Sprooch). Sou kann een z.B an enger Sprooch manner wéi 40 an der Moyenne hunn. Soulaang d’Moyenne vun den 3 Fächer zesummen mindestens 40 ass, zielt dëst also.

Falls dir dat net erfellt musst dir eng Opnahmeprüfung am Summer schreiwen.

Link: https://ethz.ch/de/studium/anmeldung-bewerbung/bachelor.html

Uni Zürich

Hei geet eng gepackten Premiere B,C,D oder G duer.

Link: https://www.students.uzh.ch/de/registration.html

Link mat den geneen Conditiounen: https://www.swissuniversities.ch/themen/studium/zulassung-zu-den-universitaeren-hochschulen/laender#LU

Step 2: Wunneng sichen

Am einfachsten ass et op online Säite ze kucken. Beispiller sinn: homegate.ch, immoscout24.ch, comparis.ch, tutti.ch, wgzimmer.ch. Schreift am beschte souvill wie méiglech Wunnengen un. Oft kritt ee ganz kuerzfristeg en Besichtegungstermin. Hei ass är Spontanitéit a Flexibilitéit gefrot. Eng Wunneng zu Zürich ze fannen ass net ganz evident an et erfuerdert eng grouss Eegeninitiativ. Deemno wéi musst dir och bereet sinn eng Wunneng zu huelen déi dir virdrun net gesinn hutt respektiv musst dir d’Wunneng scho viru September iwwerhuelen.

Wann dir eng Wunneng besichtege kommt, schreift eis eng Mail a mir kucken ob dir eventuell bei engem aus dem LSZ iwwernuechte kënnt. Dir kennt och mol op Facebook der Grupp MFG LUX/Zh-Zh/LUX bäitrieden. Falls Leit op Zürich rsp. Letzebuerg fueren an nach Plaatzen fräi hunn posten sie et an dei Grupp. Link: https://www.facebook.com/groups/159076227572399

Huelt am beschten all Dokumenter mat wann dir eng Wunneng besiche gitt:

  • Umeldeformulaire (kann een normalerweis um Site vun der Agence eroflueden)
  • Paiziedel + aner Akommensbeweiser (am beschte souvill an sou detailléiert wie méiglech, och vu béiden Elterendeeler)
  • Casier judiciaire vun iech selwer an engem Elterendeel (als Ersatz vum “Betreibungsregisterauszug”)
  • Motivatiounsbréif (optional, kennt awer ëmmer gutt un )

Step 3: Umellen & Auslännerausweis

Nodeems dir äre Kontrakt ënnerschriwwen hutt, hutt dir 14 Deeg Zäit fir mat dësem  op de Kreisbüro vun ärem Bezirk ze goen. Do kennt dir iech umellen an kritt ären Auslännerausweis. Wann dir op de “Kreisbüro” gitt muss dir mathuelen:

  • 110 CHF
  • Carte d’identité (nach mind. 1 Joer gülteg)
  • En Dokument, an deem är Elteren sech dozou bereet erklären finanziell fir ärch opzekommen. (z.B monatlech finanziell Ennerstetzung)
  • Äre Mietvertrag
  • Immatrikulationsbestätegung vun ärer Uni
  • 1 rezent Foto

Mei Informatiounen:

https://www.stadt-zuerich.ch/portal/de/index/erschliessung/tab3/neu_in_zuerich.html#anmeldung

Step 4: Bankkonto

Um “Kreisbüro” kritt dir e provisoreschen Auslännerausweis. Eréischt elo kennt dir iech en Bankkonto maachen. Di meescht Lëtzebuerger sinn entweder bei der ZKB, Credit Suisse oder der UBS. Den Bankkonto kascht normalerweis näischt an ass praktesch fir den Loyer vun ärer Wunneng ze bezuelen oder soss Rechnungen an CHF. Zousätzlech kënnt der meeschtens och Twint benotzen, esou eppes wei den schwäizer Digicash.

Step 5: Krankenkeess

Zu gudder Läscht kënnt dir Iech eng Krankeversécherung maachen. Dat ass awer net wierklech noutwendeg an och relativ déier. Mat enger lëtzebuergescher Krankeversécherung kritt dir alles zréck wann dir an der Schwäiz bei den Dokter gitt. Et muss een et eben just am Viraus bezuelen, an de Remboursement ka gäre bis zu 4 Méint daueren.

Dowéinst musst dir eng Befreiung vun der Krankekeess ufroen, well eng Krankekeess ass obligatoresch an der Schwäiz. Maacht dëst an deenen eischten 3 Méint wou dir zu Zürich wunnt.

Link: https://www.zh.ch/de/gesundheit/krankenversicherung.html#-176410988

Step 6: Unkommen

Elo si dir endlech zu Zürich ukomm a kënnt äert Studenteliewe  komplett genéissen! Vergiesst net op d’LSZ Events ze kommen an iech um Site vum LSZ unzemellen. Mir freeën eis op iech!

Tried op jiddferfall der Grupp Zukünfteg LSZ’ler op Facebook bäi. Hei kennt dir äer zukünfteg Matstudenten kennenleieren,  Leit fir an eng WG fannen, kritt Detailer iwwer d’Clublierwen an all är Froen ginn beäntfert.

Link: https://www.facebook.com/groups/601299205372418

 

Eis Broschür

All Informatiounen déi dir elo hei fonnt hutt, a nach ganz villes méi, fannt der an eiser Broschür. Sie ass fir virun allem fir déi néi, mee och heiansdo déi al Studenten, d’Bibel fir alles wat een zu Zürich als Student wësse muss. Do fannt dir alles nach méi am Detail beschriwwen, virun allem och en Iwwerbléck iwwert d’Studiegäng. Kuckt roueg e puer mol do dran a bei Froen, zéckt net iech bei eis ze mellen: comite@lsz.lu

Bis hoffentlech am September!