Zürcher Bal

Wat ass den Zürcher Bal?

Seit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kennen sech déi lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1.Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéin Momenter ustoussen.

Wéi et sech fir e Bal gehéiert däerf eng gutt Stëmmung net ze kuerz kommen. Duerch eng Auswiel un Live Bands, Djs an der enker Kooperatioun mat eisem laangjäregen Partner Codex, déi eis mat der neister Technologie am Beräich vu Lightning a Sound versuergen, probéiert eise Cercle all Joers nees eng flott an eenzegaarteg Ambiance ze kreéieren.

 

Als LSZ sinn mir all Joers nees stolz e Bal fir iwwert 3500 Leit kennen ze organiséieren an domadden déi lëtzebuergesch Studenten ze réunéiren. Dat ass awer just méiglech wann all Member vun eisem Cercle eng Hand mat upeekt sief et bei der Präparatioun, beim Op- an Ofriichten an virun allem besonnesch wichteg den Owend selwer vum Bal. Vun 9 Auer Owes wann déi éischt Dieren opginn bis Moies fréi um 5 sinn iwwert den Owend verdeelt eng 100 Memberen vun eisem Cercle am Asaatz fir eise Gäscht dee flottste Bal vum Joer ze bidden.

 

Wéi kann ech méi iwwert de Bal gewuer ginn?

Dat geet ganz einfach iwwert eis Zürcher Bal Websäit [http://zuercherbal.lu/?page_id=141] oder andeems du eis iwwert Facebook oder Instagram follows.

Bei weidere Froen kanns du eis awer och gären op comite@lsz.lu schreiwen.