D’Uni Zürich

Wat a wéi studéiert een op der Uni?

All d’Studiegäng déi d’Uni Zürich ubitt fannt der an der Tabell hei drënner oder op folgenden Websäiten. [http://www.degrees.uzh.ch/de/bachelor/] [http://www.degrees.uzh.ch/de/master/] Den Oflaf vum Studium op der Uni ass net esou fest gereegelt wéi op der ETH. Am Prinzip kann ee soen dass de Studium op der Uni, éischter engem Selbststudium entsprécht. Et huet een am Allgemengen net souvill Virliesungsstonne wéi d’Studenten op der ETH, dofir muss een awer ëmsou méi doheem schaffen, an sech selwer organiséiere kënnen.

Anescht wéi op der ETH, wou ufanks d’Prüfungen am Block gepackt musse ginn, bitt d’Uni sougenannte Moduler un. All Modul muss eenzel gepackt gi. Wann een ee Modul net packt, kann een dat Modul widderhuelen. Wéini een dëst mëscht, ass net virgeschriwwen. Trotzdeem ass et op der Uni d’selwecht wéi op der ETH: et gi just 2 Versich pro Modul. Dozou kënnt, dass d’Uni e sougenannte Joker pro Studium ubitt. Dësen erméiglecht et engem, bei engem Modul en 3. Versuch ze schreiwen. All weider Detailer fënnt een op der Internetsäit vun der Uni, respektiv am Studienführer deen een an der Rektoratskanzelei ze kafe kritt.

Wéini gëtt een op der Uni ugeholl? Wéi
mellt een sech un?

  • Medezin

Den Abléck ginn iwwerhaapt keng auslännesch Studente fir d’Grondausbildung ugeholl. Fir Studenten, déi sech spezialiséiere wëllen, ginn et awer Méiglechkeete fir ugeholl ze ginn.

  • Aner Richtungen

Am Allgemenge war et ëmmer méi liicht, fir op der Uni ugeholl ze gi wéi op der ETH (meeschtens ass keng Moyenne erfuerdert). Dëst ass awer elo net méi fir all Studiegang wouer. D’Uni Zürich verlaangt fir all Studiegang, fir deen d’Uni Lëtzebuerg ee selektiivt Zulassungsverfahren huet, ee Studienplatznachweis. Wann den entspriechende Studiegang net op der Uni Lëtzebuerg ugebuede gëtt, oder d’ Zulassungsverfahren net selektiv ass, ass kee Studienplatznachweis erfuerderlech.

En Studienplatznachweis ass een Nachweis, dass eng Zulassung am betreffenden auslännesche Studieprogramm (an eisem Fall d’ Uni Lëtzebuerg) erfollegt oder am Fall vun enger Bewerbung erfollege géif. Eng Immatrikulationsbescheinigung ass awer net néideg. D’Uni Lëtzebuerg weess doriwwer Bescheed an stellt der an dësem Fall en Certificat aus. Vue dass sech déi ganz Konditioune fir d’Umeldungen eréicht dëst Joer geännert hunn, stinn nach vill Froen am Raum, déi mir als Comité sou schnell wei méiglech probéieren ze klären. Bei Froen oder Problemer schreift eis eng E-Mail un comité@lsz.lu a mir probéieren dann mat dir zesummen eng Léisung ze fannen.

Ee feelende Studienplatznachweis kann duerch eng bestane “Ergänzungsprüfung der schweizerischen Hochschulen (ECUS)” kompenséiert ginn. Dës Prüfung fënnt am August statt an kascht CHF 980, ass also dowéinst just als absolut Noutléisung ze empfeelen. [www.ecus-edu.ch] D’Sektioun A gëtt op der Uni Zürich net unerkannt. Fir ganz sécher ze goen ass et natierlech am beschten direkt bei der Uni nozefroen (admission@uzh.ch). Déi genau Konditioune sinn och nach eng Kéier ënnert dësem Link ze fannen: [https://www.swissuniversities.ch/themen/studium/zulassung-zu-den-universitaeren-hochschulen/laender#LU]

Déi, déi op der Uni Lëtzebuerg ee Joer gemaach a gepackt hunn, kënnen eventuell an dat drëtt Semester opgeholl ginn. D’Umelle geet am Prinzip d’selwecht wéi bei der ETH – oppassen op d’Terminer. Et kann een sech fir verschidde Studiëgäng souwuel am Hierscht- ewéi am Fréijoerssemester umellen. (Am Fréijoerssemester ass den Delai den 30. November, fir d’Hierschtsemester ass et den 30. Abrëll, et kann een sech heiansdo och nach méi spéit umellen, mee dat kascht da méi.)

  • Kontaktadress fir Studieninformatiounen:
    Universität Zürich
    Universitätskanzlei
    Rämistrasse 71
    CH-8006 Zürich
    [www.uzh.ch]

 

  • Kontaktadress fir d’Umeldung:
    Universität Zürich
    Ressort Studierende
    Zulassungsstelle für Studierende mit ausländischer Vorbildung
    KOL F 107
    Rämistrasse 71
    CH-8006 Zürich
    Tel.: +41 (0)44 634 22 36
    E-Mail: admission@uzh.ch