
Lëtzebuerger Studenten Zürech
Eise Club
Den LSZ ass den Verein vun der Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen derfir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Ops du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns beim Comité bei allméigleche Problemer ufroen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.
Aktivitéiten
Den Zürcher Bal
Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)
SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech
Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern
Kleeserchersowend
Clear the Bottles
Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler
Eng Clubrees am Fréijoer
Grillowend mat Beerpong am Fréijoer
Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt
E Schiweekend
Fir zukünfteg Studenten
Wanns du driwwer nodenks op Zürech studéieren ze kommen, dann hunn mer fir dech eng lescht mat hellefreichen Links zesummengestalt.
Op Zürech kommen
Mee déi bescht Informatiounen an Impressioune kriss du, wann s du eis eng Kéier an d’Schwäiz besiche kënns fir der d’Stad Zürich, d’ETH an d’Uni unzekucken. Zéck net dech bei eis ze melle wann s de eng Visite zu Zürich plangs, mir wärten dir hellefen.

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Seit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kennen sech iwwer 3500 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1.Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéin Momenter ustoussen.
Blog

SPL 2022
Wat an engem gudde LSZ Joer natierlech net feelen dierf, dat ass eis extraordinär SPL! An dësem schicke Kader ware mir an der Zunfthaus zur Meise wou mir eis all en gudden 3 Gäng Menü schmaache gelooss hunn a gudde Lëtzebuerger Wäin a Crément gedronk hunn😋 Néi war...

Clubrees Bologna 2022
Leschte Weekend war déi faméis Clubrees op Bologna🇮🇹Nodeems den éischten Dag den Tuerm zu Bologna erklomme souwéi owes den Club onsécher gemaach gouf, ass et den Dag drop op Modena an de Ferrari Musée gaangen. Owes ware mir dunn gutt iessen a konnten eis eng ganz...
Eise Comité

Chloé Schmit, Olivier Koeune, Cedric Mulders, Sacha Thill, Keo Oran, Sophie Faltz
Emma Hansen, Marie Lommel, Nicolas Weckerle, Felix Schoellen, Anne-Marie Scheuer, Sarah Hoffmann