Lëtzebuerger Studenten Zürech

Eise Club

Den LSZ ass den Verein vun der Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen derfir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Ops du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns beim Comité bei allméigleche Problemer ufroen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.

Aktivitéiten

Den Zürcher Bal

Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)

SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech

Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern

Kleeserchersowend

Clear the Bottles

Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler

Eng Clubrees am Fréijoer

Grillowend mat Beerpong am Fréijoer

Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt

E Schiweekend

Fir zukünfteg Studenten

Wanns du driwwer nodenks op Zürech studéieren ze kommen, dann hunn mer fir dech eng lescht mat hellefreichen Links zesummengestalt.

Mee déi bescht Informatiounen an Impressioune kriss du, wann s du eis eng Kéier an d’Schwäiz besiche kënns fir der d’Stad Zürich, d’ETH an d’Uni unzekucken. Zéck net dech bei eis ze melle wann s de eng Visite zu Zürich plangs, mir wärten dir hellefen.

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Seit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kennen sech iwwer 3500 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1.Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéin Momenter ustoussen.

Blog

LSZ Wanterweekend

LSZ Wanterweekend

Dësen Weekend war den LSZ op den Bierg. Zu Andermatt goufen vun Freiden bis Sonnden d’Pisten onsëcher gemaach. D’Wieder war sou gutt dass bei verschiddenen Leit en Sonnebrand de gréissten Problem vum Weekend war. Mir soen all Member Merci fir déi top...

Reel 2021

Reel 2021

Leschten Weekend huet den LSZ un der #REEL zu München deelgeholl! D’Thema dëst Joer war ‘Mam Studium fäerdeg an elo? Lëtzebuerg oder d’Welt?’. No engem strammen Programm mat politeschen Diskussiounen, villen Présentatiounen, engem Rallye duerch München an flotten...

Eise Comité

Chloé Schmit, Olivier Koeune, Cedric Mulders, Sacha Thill, Keo Oran, Sophie Faltz

Emma Hansen, Marie Lommel, Nicolas Weckerle, Felix Schoellen, Anne-Marie Scheuer, Sarah Hoffmann

Eis Sponsoren

Gold Sponsors
Silver Sponsors
Bronze Sponsors