Logement

Wann een d’Zuel vun de Studente kuckt, ginn et zu Zürich net besonnesch vill Studentenheimer, dofir wunnen déi meescht och privat. Wann s de op der Sich no enger Bud bass, da gëff drop Uecht, dass deemno wéien Studiegang s de wiels, deng Virliesungen entweder am Zentrum oder um Hönggerberg sinn. De Loyer vun enger Eenzelwunneng ass tëschent 800 an 1300 Schwäizer Frang, jee no Lag a Confort; wat d’Kummer méi no beim Zentrum ass, wat se och méi deier ass. Et ass allerdéngs och méiglech eng Wunneng ënnert 800 Frang ze fannen. Zürich huet formidabel Bus- an Tramverbindungen (awer nëmme bis ca. 0:15 Auer), dofir kann et sech och lounen eng Kummer ze huelen déi net direkt bei der Schoul ass. Ier s de eng Kummer definitiv hëlls, pass op d’Niewekäschten (Stroum, Waasser, Heizung) an op d’Kënnegungsfrist op. Fänk am beschten schon Ufank Juni mat der Sich un.

Op folgende Platze kanns de dech informéiere, wou nach Kummeren ze kréie sinn:

Wohnungsvermittlung ETH/Uni

Sonneggstrasse 27

CH-8006 Zürich

Tel.: +41 (0)44 632 2037

Fax: +41 (0)44 261 8413

E-Mail: zimmervermittlung@rektorat.ethz.ch

[www.wohnen.ethz.ch]

Et brauch een normalerweis een ETH/Uni-Login fir de Service ze notzen. Wann s de nach keen hues, kanns de probéieren unzeruffen oder eng Mail ze schreiwen an deng Situatioun ze erklären.

WOKO – Studentische Wohngenossenschaft

Leonhardstrasse 15

CH-8001 Zürich

Tel.: +41 (0)44 632 42 90

Fax: +41 (0)44 632 1106

E-Mail: woko@woko.ch

[www.woko.ch]

Der WOKO gehéieren eng ganz Rei bëlleg Studentenheemer, mee si hu laang Waardelëschten. (ongeféier 2-8 Méint) Et ass awer ganz interessant sech hei fréi unzemellen. Mat enger propperer a gudder Bewerbung stinn d’Chancen nämlech ganz gutt. Vill vun de WG Zëmmere ginn och direkt iwwer d’Mieter bei aneren Internetsäiten ausgeschriwwen. [www.wgzimmer.ch] [www.weegee.ch]

 

Falls du soss nach Froe bei der Wunnengssich solls hunn, kanns du dech gären un eise Comité [comite@ lsz.lu] wenden. Wann eis nach Wunnengen sollten bekannt sinn, déi grad fräi gi sinn, gi mir dir déi Adresse gäre weider.

Links

“An der Zimmer- und Wohnungsvermittlungsstelle vun der ETH kriss de eng kleng Brochure “Wohnbulletin”, déi dir och weiderhëllefe kann.