Mensa

Zimlech bëlleg kanns de an de Mensaen a Cafeteriae vun der ETH an der Uni iessen. Am Verglach zu villen auslännesche Mensaen ass d’ETH- an d’Uni-Mensa Iesse gutt bis excellent. Du kanns all Mëtten an all Owend tëschent 4 bis 6 verschidden Menüen tëschent CHF 5.40 an CHF 13.- wielen. D’Mensa ass och Samschdes an an der Vakanz op. Et existéiert och eng Mensa App, wou een all Dag kann gucken, wat et an den verschiddenen Mensen ziessen gëtt. (no “Mensa ETH Zürich” am Appstore kucken) [www.gastro.ethz.ch] [www.mensa.uzh.ch]

Bibliothéiken

All ETH-Student däerf d’Haaptbibliothéik (Haaptgebai H-Stack) an d’Bibliothéik vun deenen eenzelnen Abteilunge fir näischt benotzen. D’Haaptbibliothéik huet déi gréisst Sammlung vu wëssenschaftlecher Literatur an Europa, an e ganz modernt elektronescht Bestellsystem (Du kanns esouguer vun doheem deng Bicher iwwer Internet bestellen, oder an eng aaner Bibliothéik liwweren loossen). [www.ethbib.ethz.ch]

An der Zentralbibliothéik Zürich, Zähringerplatz 6, 8025 Zürich gëss de och automatesch Member a kanns vun hire Bicher profitéieren. [www.zb.uzh.ch]