Loading Events

« All Events

SPL 2024

May 18 - 18:00 - May 19 - 02:00

Léif LSZ’ler,

Mir hunn déi grouss Freed iech den 18. Mee an d’Zunfthaus zur Meisen (https://www.zunfthaus-zur-meisen.ch/) op d’SPL ze invitéieren. Bei dëser SPL wäert et nees de Fall sinn, dass och Alumnien, also LSZ’ler, déi viru mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbrénge wäerten.

Dir hutt de Choix tëscht engem Fleesch – a Vegimenü. Sot eis w.e.g. bei Allergië mat Zäite Bescheed.

Start ass um 18:00 mam Apero. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 80 Euro. Iwwerweist déi w.e.g. réischt nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut.

Dir kënnt och rëm äre Wonschsetzpartner uginn. Schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue, dat heescht Costume oder Kleed.

Denkt och w.e.g. drun, dass mir nach Wäin hunn, deen op Zürech muss transportéiert ginn. Mellt Iech dowéinst w.e.g beim Cédric Delhez, wann dir vu Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschte matzebréngen.

Dir kennt iech ab e Mëttwoch, den 24.04. (18h00) bis den 03.05 (18h00) umellen.

D’Umeldunge verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB.

D’Plazen si begrenzt a bannent de Kategorië vun de Prioritéite gelt de Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un!

Mir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen der vill vun iech kennen do ze hunn!

Fir de Comité,

This form is currently closed for submissions.

Details

Start:
May 18 - 18:00
End:
May 19 - 02:00
Event Categories:
,

Venue

Zunfthaus zur Meisen
Münsterhof 20
Zurich, Switzerland
+ Google Map