Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

SPL 2024 Alumni

May 18 - 18:00 - May 19 - 02:00

Léif Alumnis vum LSZ,

Fir de Kontakt tëscht den LSZler an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen, invitéiere mir Iech ganz häerzlech den 18. Mai op eis traditionell SPL. 

D’Konzept vun der SPL sollt deene meeschten nach bekannt sinn: En 3-Gang-Menü an enger schicker Ambiance mat, aus Lëtzebuerg importéiertem, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studenten wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn. 

Dëst ass mat ee vun eise gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kënnen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze héieren a vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees méi no ze kommen a gezielt ze kréien, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet. 

D’SPL fënnt dëst Joer am Zunfthaus zur Meisen (https://www.zunfthaus-zur-meisen.ch/) statt. Déi genau Adress ass Münsterhof 20, CH-8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apéro starten. Wei gewinnt gëllt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt de Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch a vegetaresch) an d’Participatioun beleet sech op 140€. 

D’Menüe si wei folgend: 

Fleesch-Menü:

  • Spargelcreme Suppe mit knusprigem Bündnerfleisch
  • Hähnchenbrust-Piccata alla Milanese auf Champagner Safran-Risotto, Tomaten Clamard
  • Himbeeren Roulade mit Sauerrahm Glacé

Vegi-Menü:

  • Spargelcreme Suppe mit knuspriger Einlage
  • Chicorée Piccata, Champagner Safran-Risotto, Tomaten Clavard
  • Himbeeren Roulade mit Sauerrahm Glacé

 

Falls Dir interesséiert sidd un der SPL deelzehuelen, géife mir Iech bieden Iech ab dem 25. Abrëll ab 12:00 hei unzemellen:

This form is currently closed for submissions.

D’Platzen (fir d’Alumnien) sinn op 20 Persounen limitéiert, Dir kënnt Iech bis den 5. Mai umellen. 

Bäi Froe kënnt Dir Iech gäre bei eis mellen. 

Mir freeën eis Iech rëm op d’SPL kennen ze invitéieren, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn.  

Fir de Comité vum LSZ,


Cédric Delhez (cedric.delhez@lsz.lu), Pol Winkin (pol.winkin@lsz.lu) & Larissa Weber (larissa.weber@lsz.lu) 

Details

Start:
May 18 - 18:00
End:
May 19 - 02:00

Organizer

LSZ Comite
Email
comite@lsz.lu

Venue

Zunfthaus zur Meisen
Münsterhof 20
Zurich, Switzerland
+ Google Map