Visitt Paul Wurth 2023

Alehouse Universitätstrasse 23, Zürich, Switzerland

Geéiert LSZ’ler, Geschwë steet déi éischt Visitt an dësem Semester vun engem vun eise Sponsoren un. Den 13.12. kréie mir vu Paul Wurth Besuch, déi hir Büroen op Zürech presentéiere kommen. Mat iwwer 1500 Employéen an Aktivitéiten a ronn 20 Länner, gehéiert Paul Wurth zu deene gréissten Ingenieursbüroen zu Lëtzebuerg an huet eng staark Presenz an der Eisen- a Stolindustrie […]

Pubcrawl 2024

Schiffbau Bar Schiffbaustrasse 4, Zurich, Switzerland

Léif LSZ’ler, Fir iech är Examen vergiessen ze loossen, luede mir iech mat grousser Freed op eisen traditionelle Pubcrawl an. 🍸🍹 Mir starten dat Ganzt nächsten Donneschden, den 22. Februar em 20:00 beim Schiffbau. De genaue Programm vun de Baren wäert nach nokommen. Domadde mir jidderengem eng grouss Vilfalt u Gedrénks ubidde kënne froe mir […]

LSZ meets Afrez – Pubquiz

Léif Leit, Mir hunn eis geduecht, et wier flott sech emol mat engem anere Cercle vum VSETH zesummenzedoen - dofir hunn mir den 16.03.2024 mat der Afrez (Association Francophone des Étudiants de Zürich) e Pubquiz mat open End organiséiert. Dat Ganzt fënnt an eisem geliibten Loch Ness statt. De Pubquiz fänkt um 20h00 un (sidd […]

3-Schichten-Iessen 2024

Santa Lucia Paradeplatz Waaggasse 5, Zürich, Switzerland

Léiwen LSZ'ler, wei schon ugekennegt fënnt en Donnesden 18. Abrëll um 19:30 am Restaurant Santa Lucia (Adresse: Waaggasse 5, 8001 Zürich, Schweiz) d'3-Schichten Iessen vum Zürcherbal 2023 statt. Fir dass mir wessen mat weivill Leit mir kenne rechnen bieden mer dech, dech bis en Meinden den Owend (15.4) unzemellen, wous du och direkt den Menu […]

Budapest 2024

Léif LSZler,   An e puer Wochen ass et nees esou wäit, d’Clubrees 2024 steet virun der Dier. Dëst Joer traue mer eis e bëssi méi wäit ewech vun Zürech, an zwar fuere mer duerch fënnef Länner der Donau no bis an d’Haaptstad vun Ungarn, op Budapest.   Mir wäerten Donneschdenowend, de 25. Abrëll den […]

Sola 2024

Léif Leefer a Leeferinnen, D’Ouschtervakanz ass wei ëmmer nees ze kuerz gewiescht an et geet direkt nees weider mam Summersemester, dat heescht awer och dass wei all Joers erëm d'SOLA stattfënnt. D'SOLA ass e Staffellaf vum ASVZ iwwert 114,77km, opgedeelt a 14 Etappen, den duerch ganz Zürech geet. Dat ganzt fënnt dëst Joer de 4. […]