Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Schiweekend 24

March 1 - 06:30 - March 3 - 23:00

Léif LSZ’ler,

 

Fir iech an der ustrengender Léierphase bei Laun ze halen an iech ze motivéieren nach de Januar a Februar z’iwwerstoen hu mir eng gutt Noriicht fir iech: De Schiweekend 2024 steet virun der Dier!

Dëst Joer geet et op Torgon am wonnerschéine Wallis, wat am Schigebitt Les Portes du Soleil, dem zweet gréisste Schigebitt vun der Welt, läit.

De Schiweekend fënnt dëst Joer vu Freides moies, den 1.Mäerz, bis Sonndes owes, den 3. Mäerz, statt.
De Präis fir alles(ausgeholl vum Mëttesiessen a dem Schi-Equipement wat ee léine misst) beleeft sech op 200€ .

Umelle kënnt der iech vum 15. Januar um 18:00 Auer bis den 22. Januar um 23:59 Auer iwwert de Forms hei ënnendrënner.
Wéi all Joers gëllt et sech séier unzemelle well d’Platzen op 50 Läit begrenzt sinn.
Bei der Umeldung gëllen d’APB’en vun eisem Club.

Vergiesst net am Forms unzeginn op der är Beloununge vun äre geschaffte Schichten um Bal benotze wëllt. D’ Unzuel Belounungen déi iech ze gutt sti fannt dir an der Annexe vun der Mail oder hei.

Weider Infoen a Detailer zum Oflaf kritt dir mat der Confirmatioun vun ärer Participatioun. Dëst Joer brauch dir awer alleguer ee Schlofsak!

Mir wënschen iech vill Gléck fir d’Examen a freeën eis iech op eisen nächsten Eventer nees an eng sportlech a drénkfest Form ze bréngen.

 

Äre Comité

 

You do not have permission to view this form.

Details

Start:
March 1 - 06:30
End:
March 3 - 23:00

Venue

Torgon
Route des Fours 3
Torgon, 1899 Switzerland