Lëtzebuerger Studenten Zürech

Eise Club

Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Ob s du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.

Aktivitéiten

 

Den Zürcher Bal

Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)

SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech

Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern

Kleeserchersowend

Clear the Bottles

Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler

Eng Clubrees am Fréijoer

Grillowend mat Beerpong am Fréijoer

Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt

E Schiweekend

Fir zukünfteg Studenten

Wann s du driwwer nodenks op Zürech studéieren ze kommen, dann hu mir fir dech eng Lëscht mat hëllefräiche Links zesummegestalt.
Mee déi bescht Informatiounen an Impressioune kriss du, wann s du eis eng Kéier an d’Schwäiz besiche kënns fir der d’Stad Zürich, d’ETH an d’Uni unzekucken. Zéck net dech bei eis ze melle wann s de eng Visite zu Zürich plangs, mir wärten dir hëllefen.

Wann s du am Hierschtsemester 2025 op Zürich studéiere kënns, kanns du gären eisen Gruppen fir zukünfteg LSZ‘ler op Whatsapp an Facebook bäitrieden.

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Säit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kënne sech iwwer 4000 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1. Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéi Momenter ustoussen.

Blog

Reel 2022

Reel 2022

REEL - Vum 29 September bis den 2ten Oktober, ware mir zu Karlsruhe an Heidelberg op d’REEL a konnte mat den anere Cerclen e puer gutt Béieren heppen. No engem wonnerbaren Rallye ass et op Heidelberg gaangen wou mir déi nächst Deeg interessant Gespréicher mat den...

Wanderweekend 2022

Wanderweekend 2022

No e puer Joer LSZ-Wanderpaus, hu mer leschte Weekend eis rëm em eis Sportlerambitiounen gekëmmert. Iwwert den Weekend hunn mir iwwert 2000hm zréckgeluecht an sinn souguer op Schnéi gestouss. Iwwernuecht hunn mir op der Salbithütte wou mir eisen vun Ustrengung eidelen...

Eise Comité

 

Lucas Klaassen, William Homer, Pit Hansen, Anne Reckinger, Patrick Weiser, Paul Kersten, Philippe Schaack

Lucca Foresti, Michelle Jost, Michèle Philippe, Charlotte Benck, Filip Marth, Cedric Mulders, Maurice Schmit

Eis Sponsoren

Gold Sponsors
 
Silver Sponsors
 
Bronze Sponsors
 
Partner