No e puer Joer LSZ-Wanderpaus, hu mer leschte Weekend eis rëm em eis Sportlerambitiounen gekëmmert. Iwwert den Weekend hunn mir iwwert 2000hm zréckgeluecht an sinn souguer op Schnéi gestouss. Iwwernuecht hunn mir op der Salbithütte wou mir eisen vun Ustrengung eidelen Mo rëm gutt fëllen konnten. Iwwert déi 2 Deeg hunn mir op der Salbitbrücke eis Höhenangscht iwwerwonnen, hunn trotz dem Niwwel Bierger erklommen an sinn mat gudden Memoiren heem gaangen.