Lëtzebuerger Studenten Zürech

Eise Club

Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Obs du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.

Aktivitéiten

 

Den Zürcher Bal

Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)

SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech

Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern

Kleeserchersowend

Clear the Bottles

Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler

Eng Clubrees am Fréijoer

Grillowend mat Beerpong am Fréijoer

Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt

E Schiweekend

Fir zukünfteg Studenten

Wanns du driwwer nodenks op Zürech studéieren ze kommen, dann hunn mer fir dech eng lescht mat hellefreichen Links zesummengestalt.

Mee déi bescht Informatiounen an Impressioune kriss du, wann s du eis eng Kéier an d’Schwäiz besiche kënns fir der d’Stad Zürich, d’ETH an d’Uni unzekucken. Zéck net dech bei eis ze melle wann s de eng Visite zu Zürich plangs, mir wärten dir hellefen.

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Seit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kennen sech iwwer 3500 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1.Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéin Momenter ustoussen.

Blog

Wanderweekend 2022

Wanderweekend 2022

No e puer Joer LSZ-Wanderpaus, hu mer leschte Weekend eis rëm em eis Sportlerambitiounen gekëmmert. Iwwert den Weekend hunn mir iwwert 2000hm zréckgeluecht an sinn souguer op Schnéi gestouss. Iwwernuecht hunn mir op der Salbithütte wou mir eisen vun Ustrengung eidelen...

SPL 2022

SPL 2022

Wat an engem gudde LSZ Joer natierlech net feelen dierf, dat ass eis extraordinär SPL! An dësem schicke Kader ware mir an der Zunfthaus zur Meise wou mir eis all en gudden 3 Gäng Menü schmaache gelooss hunn a gudde Lëtzebuerger Wäin a Crément gedronk hunn😋 Néi war...

Eise Comité

 

Tom Pesch, Nicolas Recht, Philippe Schaack, Pol Winkin, Pit Krantz, Lucas Klaassen

Michel Speicher, Filip Marth, Michelle Jost, Cedric Mulders, Till Winzen, Larissa Weber, Cédric Delhez

Eis Sponsoren

Gold Sponsors
 
Silver Sponsors
 
Bronze Sponsors