Lëtzebuerger Studenten Zürech
Eise Club
Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Obs du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.
Aktivitéiten
Den Zürcher Bal
Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)
SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech
Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern
Kleeserchersowend
Clear the Bottles
Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler
Eng Clubrees am Fréijoer
Grillowend mat Beerpong am Fréijoer
Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt
E Schiweekend
Fir zukünfteg Studenten
Wanns du driwwer nodenks op Zürech studéieren ze kommen, dann hunn mer fir dech eng lescht mat hellefreichen Links zesummengestalt.
Op Zürech kommen
Mee déi bescht Informatiounen an Impressioune kriss du, wann s du eis eng Kéier an d’Schwäiz besiche kënns fir der d’Stad Zürich, d’ETH an d’Uni unzekucken. Zéck net dech bei eis ze melle wann s de eng Visite zu Zürich plangs, mir wärten dir hellefen.
Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Seit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kennen sech iwwer 3500 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1.Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéin Momenter ustoussen.
Blog
Hierscht AG
Leschte Freiden huet eis alljärlech Hierscht AG stattfonnt, wou mir ënnert anerem och eis nei Bleuen mat grousser Freed am LSZ opgeholl hunn.Um Ordre du jour stungen eng ganz Partie vu Saachen: Rapport vun de vergaangen Aktivitéiten, den neien Aktivitéiten,...
REEL 2022
REEL - Vum 29 September bis den 2ten Oktober, ware mir zu Karlsruhe an Heidelberg op d’REEL a konnte mat den anere Cerclen e puer gutt Béieren heppen. No engem wonnerbaren Rallye ass et op Heidelberg gaangen wou mir déi nächst Deeg interessant Gespréicher mat den...
Eise Comité
Tom Pesch, Nicolas Recht, Philippe Schaack, Pol Winkin, Pit Krantz, Lucas Klaassen
Michel Speicher, Filip Marth, Michelle Jost, Cedric Mulders, Till Winzen, Larissa Weber, Cédric Delhez