
Lëtzebuerger Studenten Zürech
Eise Club
Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Ob s du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.
Aktivitéiten
Den Zürcher Bal
Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)
SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech
Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern
Kleeserchersowend
Clear the Bottles
Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler
Eng Clubrees am Fréijoer
Grillowend mat Beerpong am Fréijoer
Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt
E Schiweekend
Fir zukünfteg Studenten
Op Zürech kommen
Wann s du am Hierschtsemester 2025 op Zürich studéiere kënns, kanns du gären eisen Gruppen fir zukünfteg LSZ‘ler op Whatsapp an Facebook bäitrieden.

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Säit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kënne sech iwwer 4000 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1. Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéi Momenter ustoussen.
Blog

Schiweekend 2020
Déi drëtt Kéier hunn mir eis zu Lech rëmfonnt. Ganzer dräi Deeg hunn mir vun perfekten Wieder- an Pistenkonditiounen profitéieren kënnen. Eis Memberen haten dobäi d'Chance, knapp 300km Piste ze befueren an ze genéissen. Och den Aprés-Ski koum net ze kuerz, woubäi mir...

Wanderweekend 2019
Fir déi drëtten Kéier huet den LSZ sech erëm an d'Bierger getraut. D'Glarner Alpen hunn eisen sportlechen Memberen vill ofverlaangt. Ganzer 1850 Héichtemeter hunn mir missten zeréckleeën, bis mir op een gudden Patt op der Claridenhütte ustoussen konnten. Dës...
Eise Comité

Lucas Klaassen, William Homer, Pit Hansen, Anne Reckinger, Patrick Weiser, Paul Kersten, Philippe Schaack
Lucca Foresti, Michelle Jost, Michèle Philippe, Charlotte Benck, Filip Marth, Cedric Mulders, Maurice Schmit