Déi drëtt Kéier hunn mir eis zu Lech rëmfonnt. Ganzer dräi Deeg hunn mir vun perfekten Wieder- an Pistenkonditiounen profitéieren kënnen. Eis Memberen haten dobäi d’Chance, knapp 300km Piste ze befueren an ze genéissen. Och den Aprés-Ski koum net ze kuerz, woubäi mir souwuel den MooserWirt wéi och eisen Stammcafe d’Schneggarei onroueg gemaach hunn.