Fir déi drëtten Kéier huet den LSZ sech erëm an d’Bierger getraut. D’Glarner Alpen hunn eisen sportlechen Memberen vill ofverlaangt. Ganzer 1850 Héichtemeter hunn mir missten zeréckleeën, bis mir op een gudden Patt op der Claridenhütte ustoussen konnten. Dës Ustrengung huet sech allerdéngs rentéiert, an deem Kontext schwätzen d’Biller fir sech.

0 Comments