
Lëtzebuerger Studenten Zürech
Eise Club
Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Ob s du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.
Aktivitéiten
Den Zürcher Bal
Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)
SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech
Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern
Kleeserchersowend
Clear the Bottles
Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler
Eng Clubrees am Fréijoer
Grillowend mat Beerpong am Fréijoer
Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt
E Schiweekend
Fir zukünfteg Studenten
Op Zürech kommen
Wann s du am Hierschtsemester 2025 op Zürich studéiere kënns, kanns du gären eisen Gruppen fir zukünfteg LSZ‘ler op Whatsapp an Facebook bäitrieden.

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Säit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kënne sech iwwer 4000 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1. Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéi Momenter ustoussen.
Blog

Clubrees 2020
D'läscht Woch hat den Heng seng zweet grouss Rees mam LSZ virun sech. Op eiser traditioneller Clubrees ass et dëst Joer an d'sonnegt Tessin, op Lugano, gaangen. Nieft enger Visite guidée duerch d'Stad stoung och eng Wanderung op den Hausbierg, den Monte San Salvatore...

How to Zürich
Du interesséiers dech fir en Studium zu Zürich ? Oder hues nach keen Plang an kucks dech iwwerall ëm ? Du bass veronsechert wéint der schwäizer Bürokratie ? Keen Problem, fir all deng Froen fannen mir déi passend Äntwerten! Kuck laanscht op eisem Guide How-To-Zürich,...
Eise Comité

Lucas Klaassen, William Homer, Pit Hansen, Anne Reckinger, Patrick Weiser, Paul Kersten, Philippe Schaack
Lucca Foresti, Michelle Jost, Michèle Philippe, Charlotte Benck, Filip Marth, Cedric Mulders, Maurice Schmit