D’läscht Woch hat den Heng seng zweet grouss Rees mam LSZ virun sech. Op eiser traditioneller Clubrees ass et dëst Joer an d’sonnegt Tessin, op Lugano, gaangen. Nieft enger Visite guidée duerch d’Stad stoung och eng Wanderung op den Hausbierg, den Monte San Salvatore um Programm, soudass och eis Sportsfrënn net ze kuerz komm sinn. No insgesamt 4 Deeg voller schéiner Momenter ass et dunn Sonndes rëm zréck op Zürech gaangen, Sonnebrand inclus!

0 Comments