Du interesséiers dech fir en Studium zu Zürich ? Oder hues nach keen Plang an kucks dech iwwerall ëm ? Du bass veronsechert wéint der schwäizer Bürokratie ?

Keen Problem, fir all deng Froen fannen mir déi passend Äntwerten! Kuck laanscht op eisem Guide How-To-Zürich, deen dir déi wichtegst Schrëtt erklärt. Hei fënnt een allerlee nëtzlech Informatiounen iwert d’Studéiren an d’Wunnen plus déi noutwendeg Demarchen, awer och iwert d’Nightlife an d’Studenten- an Clubliewen zu Zürich.

All déi  Informatiounen an nach villes méi fënns de an eiser Brochure déis de och ënnert dësem Link fënns: