Lëtzebuerger Studenten Zürech

Eise Club

Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Ob s du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.

Aktivitéiten

 

Den Zürcher Bal

Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)

SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech

Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern

Kleeserchersowend

Clear the Bottles

Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler

Eng Clubrees am Fréijoer

Grillowend mat Beerpong am Fréijoer

Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt

E Schiweekend

Fir zukünfteg Studenten

Wann s du driwwer nodenks op Zürech studéieren ze kommen, dann hu mir fir dech eng Lëscht mat hëllefräiche Links zesummegestalt.
Mee déi bescht Informatiounen an Impressioune kriss du, wann s du eis eng Kéier an d’Schwäiz besiche kënns fir der d’Stad Zürich, d’ETH an d’Uni unzekucken. Zéck net dech bei eis ze melle wann s de eng Visite zu Zürich plangs, mir wärten dir hëllefen.

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Säit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kënne sech iwwer 4000 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1. Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéi Momenter ustoussen.

Blog

CTB 2022

CTB 2022

Eisen Intercercle, traditionell den drëtte Weekend am November, war rëm en vollen Erfolleg! Mir hunn eis freides mat Fondue a Wäi gutt konnten amuséieren. Samschdes um Rallye hunn mir eis Féiss oder och méi an den Zürisee gezappt, an owes ass et ganz traditionell mat...

AG Hierscht 2022

AG Hierscht 2022

Leschte Freiden huet eis alljärlech Hierscht AG stattfonnt, wou mir ënnert anerem och eis nei Bleuen mat grousser Freed am LSZ opgeholl hunn.Um Ordre du jour stungen eng ganz Partie vu Saachen: Rapport vun de vergaangen Aktivitéiten, den neien Aktivitéiten,...

Eise Comité

 

Lucas Klaassen, William Homer, Pit Hansen, Anne Reckinger, Patrick Weiser, Paul Kersten, Philippe Schaack

Lucca Foresti, Michelle Jost, Michèle Philippe, Charlotte Benck, Filip Marth, Cedric Mulders, Maurice Schmit

Eis Sponsoren

Gold Sponsors
 
Silver Sponsors
 
Bronze Sponsors
 
Partner