
Lëtzebuerger Studenten Zürech
Eise Club
Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Ob s du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.
Aktivitéiten
Den Zürcher Bal
Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)
SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech
Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern
Kleeserchersowend
Clear the Bottles
Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler
Eng Clubrees am Fréijoer
Grillowend mat Beerpong am Fréijoer
Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt
E Schiweekend
Fir zukünfteg Studenten
Op Zürech kommen

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Säit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kënne sech iwwer 4000 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1. Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéi Momenter ustoussen.
Blog

Schiweekend 2023
Schiweekend - Virun net grad 2 Woche stounge mir zu Andermatt op de Schi ⛷/ um Snowboard 🏂 an hunn eis prächteg amuséiert. Vun enger gudder Fondue, iwwert en Day Light Techno 🕺 am Schnéi zu engem fette Schnitzel op der Hütte hu mir trotz manner guddem Wierder vu...
Merch 2023
Léif LSZ’ler hei kënnt dir auswiëlen wéi eng Kleeder dir bestellen wëllt. D’Bezuelung kënnt dir entweder per Digicash un d'Nummer +41 79 767 63 25 oder un d'Kontosnummer LU34 0019 2955 4503 3000 maachen, mam Vermierk “Numm Virnumm Kleeder” an w.e.g. spéitestens bis...
Eise Comité

Tom Pesch, Nicolas Recht, Philippe Schaack, Pol Winkin, Pit Krantz, Lucas Klaassen
Michel Speicher, Filip Marth, Michelle Jost, Cedric Mulders, Till Winzen, Larissa Weber, Cédric Delhez