
Lëtzebuerger Studenten Zürech
Eise Club
Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Ob s du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.
Aktivitéiten
Den Zürcher Bal
Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)
SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech
Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern
Kleeserchersowend
Clear the Bottles
Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler
Eng Clubrees am Fréijoer
Grillowend mat Beerpong am Fréijoer
Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt
E Schiweekend
Fir zukünfteg Studenten
Op Zürech kommen

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Säit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kënne sech iwwer 4000 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1. Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéi Momenter ustoussen.
Blog
CTB 2023
De 17. -19. November hate mir rëm eise legendären Intercercle de Clear the Bottles. Freides hu mir eis d'Fondue gutt schmaache gelooss, begleet vu ganz vill guddem Wäin.🍷 E Samschden hate mir eise Rallye, wou all Grupp sech gutt druginn huet a sech fir näischt ze...
Wanderweekend 2023
🧭🏔️-De Weekend vum 30.09 si mir mam Zuch an engem klenge Grupp bis an dat schéint Lenk am Simmental gefuer. Ënnerwee, hu mir mat Sécherheet de neie Wanderweltrekord opgestallt, sou wéi mir iwwer d‘Bierger geflu sinn an iwwert 2500 Héichtemeter zréck geluecht hunn.🧗🥾...
Eise Comité

Tom Pesch, Nicolas Recht, Philippe Schaack, Pol Winkin, Pit Krantz, Lucas Klaassen
Michel Speicher, Filip Marth, Michelle Jost, Cedric Mulders, Till Winzen, Larissa Weber, Cédric Delhez