Lëtzebuerger Studenten Zürech

Eise Club

Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Obs du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.

Aktivitéiten

 

Den Zürcher Bal

Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)

SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech

Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern

Kleeserchersowend

Clear the Bottles

Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler

Eng Clubrees am Fréijoer

Grillowend mat Beerpong am Fréijoer

Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt

E Schiweekend

Fir zukünfteg Studenten

Wanns du driwwer nodenks op Zürech studéieren ze kommen, dann hunn mer fir dech eng lescht mat hellefreichen Links zesummengestalt.

Mee déi bescht Informatiounen an Impressioune kriss du, wann s du eis eng Kéier an d’Schwäiz besiche kënns fir der d’Stad Zürich, d’ETH an d’Uni unzekucken. Zéck net dech bei eis ze melle wann s de eng Visite zu Zürich plangs, mir wärten dir hellefen.

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Seit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kennen sech iwwer 4000 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1.Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéin Momenter ustoussen.

Blog

Clubrees 2024

De 25.04-28.04  huet dem LSZ seng Clubrees zu Budapest stattfonnt 🇭🇺. Mam Nuetszuch si mer Donneschdes Owes hei zu Zürech fortgefuer, sou dass mer all « erholl » an der ungarescher Haaptstad an den Dag starte konnten. Freides hunn eis Guiden, den Tom Pesch a Philippe...

SPL 2024

Den 18.05 huet ewéi all Joers eis traditionell "Soirée patriotique luxembourgeoise" stattfonnt. Dës Kéier ware mer ërem am Zunfthaus zur Meisen, wou mer excellent giess hunn an eis de Wäin a Cremant aus onser Heemecht gutt schmaache gelooss hunn. Den Owend selwer...

Eise Comité

 

Tom Pesch, Nicolas Recht, Philippe Schaack, Pol Winkin, Pit Krantz, Lucas Klaassen

Michel Speicher, Filip Marth, Michelle Jost, Cedric Mulders, Till Winzen, Larissa Weber, Cédric Delhez

Eis Sponsoren

Gold Sponsors
 
Silver Sponsors
 
Bronze Sponsors
 
Partner