• Wanderweekend 2026

      Léif LSZ'ler, Fir de Wanderweekend 2026 geet et an de schéinen Appenzell. Dës Kéier de Weekend vum 3.-4. Oktober. Mir wäerten eis mam ëffentlechen Transport op Appenzell begi vu wou aus mir starten an erop op d'Mesmeralp wanderen. Um Wee hu mir d'Méiglechkeet déi berüümte Saxer Lücke ze gesinn, esou wéi herno (jee no […]

    €35.00
  • Tour en Ville 2026

    ETH Zentrum Rämistrasse 101, Zurich, Zurich, Switzerland

    Léif Bleuen, E Mëttwoch de 7. Oktober geet et fir Iech schonn op äert zweet Event wou mir Iech déi schéi Stad an där dir lo lieft emol richteg weisen. Dofir wäerte mir um 17h00 op der Polyterrasse beim ETH Haaptgebai starten. Ditt Kleeder un déi kenne knaschteg ginn a bréngt nei Ënnerwäsch, Kleeder an […]

  • Daf 2026

    No der flotter Stee an dem Tours en Ville gëtt et lo endlech Zäit fir är Daf. Dat ganzt fënnt de Freiden de 16. Oktober um 17:00 am HXE nieft dem Lochness statt. Dëst Event ass ganz wichteg, fir dass dir endlech gedeeft a soumat richteg LSZ'ler gitt . Bréngt är Duschsaache, frësch Ënnerwäsch an […]

  • Rencontre Mme Obertin

    ETH Zentrum Rämistrasse 101, Zurich, Zurich, Switzerland

    Léif LSZ‘ler, De 27. Oktober kréie mir Besuch vun der Madame Stéphanie Obertin, eis Ministesch fir Digitalisatioun an den Enseignement supérieur. Bei dëser Geleeënheet kënne mir hir déi Schwieregkeeten, déi mir als Schwäizer Studenten erliewen, erklären. Si wëll virun allem wëssen, wéi de Staat eis besser an eisem Studenteliewen hei an der Schwäiz ënnerstëtze kann […]

  • Diskussiounsowend mam Business Club Lëtzebuerg-Schwäiz

    Léif LSZ’ler, De 5. November hu mir um 18:00 zesumme mam Business Club Lëtzebuerg-Schwäiz eng Soirée organiséiert, déi spezifesch fir déi Studenten ass, déi kuerz virum hirem Ofschloss stinn. A klenge Gruppen kënnt dir do mat jeeweils zwee vun hire Memberen iwwert verschidden Theemegebidder diskutéieren, all am Kader vum Sprong vum Studium an d’Beruffsliewen. No […]

  • Visite PwC 2026

    Léif LSZ'ler, Geschwënn steet d'Visite vun engem vun eise Sponsoren un: De Mëttwoch, 11. November, um 16:00 Auer dierfe mir PwC Luxembourg hei zu Zürech begréissen. PwC gehéiert zu de „Big Four" a bitt Servicer an der Revisioun, an de Steieren an am Consulting un. Dofir ass d'Visite fir LSZ'ler aus alle Studierichtungen interessant. Dank […]

  • CtB 2026 – Extern

    Léif Frënn vum LSZ, Vum 20-21. November fënnt eisen traditionnellen Intercercle, de Clear the Bottles zu Zürech statt. Zesumme mat iech stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn.  De Programm gesäit follgendermoossen aus: Freideg, den 20.11 um 18:00: Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Buchegg mat Wäin, Béier […]

  • CtB 2026 – Intern

    Léif LSZ’ler, An e puer Wochen ass et erëm souwäit, de Clear the Bottles steet virun der Dir! Vum 20.-21. November fënnt eise legendären Intercercle de Clear the Bottles statt. Zesumme mat eise Kollegen aus villen anere Stied, stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. De Programm gesäit follgendermoossen aus: Freideg, […]

  • Stammdësch Karaoke 26

    GZ Hirzenbach Helen-Keller-Strasse 55, Zürich, Switzerland

    Léif LSZ'ler, De 26. November ass eisen drëtte Stammdësch vun dësem Schouljoer. Mir maachen dës Kéier eng Karaoke-Editioun um 18:30 am GZ Hirzenbach. Mellt iech bis en Dënschden de 24. um 23:59 u soudass mir wësse wéi vill Leit kommen. Mir hoffen dass dir bis dann nach Zäit hutt är Gesangsstëmmen opzefrëschen an e puer […]

  • Arméi Visitt zu Dübendorf

    IPZ Dübendorf c/o Stiftung Innovationspark Zürich, Wangenstrasse 68, Duebendorf, Zürich, Switzerland

    Léif LSZ’ler E Méinden den 30. November kënnt de Lieutenant van der Windt vun der Lëtzebuerger Arméi eng Visitt bei eis op Zürech maache fir eis d’Karrièresoptiounen vum Ingenieur bei der Arméi méi no ze bréngen. Fir dat ganzt interaktiv ze gestalten hu mir eis decidéiert den Event am Innovationspark Zürich zu Dübendorf ze hosten. […]