- This event has passed.
Visite PwC 2026
November 11 - 16:00 - 22:00
Léif LSZ’ler,
Geschwënn steet d’Visite vun engem vun eise Sponsoren un: De Mëttwoch, 11. November, um 16:00 Auer dierfe mir PwC Luxembourg hei zu Zürech begréissen.
PwC gehéiert zu de „Big Four” a bitt Servicer an der Revisioun, an de Steieren an am Consulting un. Dofir ass d’Visite fir LSZ’ler aus alle Studierichtungen interessant. Dank eise Sponsore kënne mir eis flott Eventer iwwerhaapt organiséieren, dofir géife mir eis freeën, wann dir zuelräich dobäi wiert!
Ausserdem gëtt PwC d’Owesiessen aus fir déi, déi bei der Presentatioun dobäi sinn. D’Visite fënnt am ETH Zentrum statt. De genaue Sall an Restaurant deele mir iech nach mat.
De Programm vun der Visite gesäit esou aus:
– Case Study
– Presentatioun
– Owesiessen am Restauran