Loading Events

« All Events

Arméi Visitt zu Dübendorf

November 30 - 17:00 - 21:00

Léif LSZ’ler

E Méinden den 30. November kënnt de Lieutenant van der Windt vun der Lëtzebuerger Arméi eng Visitt bei eis op Zürech maache fir eis d’Karrièresoptiounen vum Ingenieur bei der Arméi méi no ze bréngen.

Fir dat ganzt interaktiv ze gestalten hu mir eis decidéiert den Event am Innovationspark Zürich zu Dübendorf ze hosten. Sou kënnt dir, wou all Dag esou fläisseg zu Dübi schafft dem Lt. als éischt en Abléck an ären Know-How an Alldag ginn iert hien um 18h30 seng Präsentatioun hält.

Dofir wiere mir frou wann sech Leit wou a Projeten zu Dübendorf aktiv sinn ab 17h00 géifen zur Verfügung stelle fir dem Lt. eng kleng Visitt ze maachen (keng Angscht dat soll ganz relax sinn).

Duerno invitéiere mir Iech nach op e klengen Apéro fir zesumme mam Lt. all är Froen ze beäntwerten an ausgibeg ze diskutéieren. Wann dir schon am Viraus Froen hutt da schréiwt se gär schon an de Forms. Dir kënnt Iech bis e Samschden den 28. November 18h00 umëllen.

Mir freeën eis, iech zu vill, zu Dübendorf begréissen ze dierfen. Bis dann,

Äre Comité

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

  • Date: November 30
  • Time:
    17:00 - 21:00

Organizer

  • LSZ Comite
  • Email comite@lsz.lu

Venue