Kleeschen a Schlittschong 2026
December 3 - 19:00 - 22:00
Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen
Léif LSZ’ler, och dëst Joer krute mir vun de Rendéiere geflüstert, dass den Houseker a natierlech och de Kleeschen op iech opmierksam gi sinn an e puer Iwwerraschunge fir iech hunn. Dofir invitéieren si iech en Donneschten den 3. Dezember um 19h00 häerzlech op d’Schlittschongpist um Dolder, vu wou et da weider op de Chrëschtmaart um Bellvue geet an dir mat hinnen e gudden Glühwäin oder Punsch genéisse kennt.
De Kleesche, den Houseker a mir freeën eis op iech all, a fir dass mir och wësse wéivill Rutte mir musse matbréngen, mellt iech w.e.g. hei ab dem 23.11. 18:00 bis den 30.11. 23:59 un:
https://lsz.lu/event/kleeschen-a-schlittschong-2026/
Bis geschwënn,
Äre Comité