Diskussiounsowend mam Business Club Lëtzebuerg-Schwäiz
Léif LSZ’ler,
De 5. November hu mir um 18:00 zesumme mam Business Club Lëtzebuerg-Schwäiz eng Soirée organiséiert, déi spezifesch fir déi Studenten ass, déi kuerz virum hirem Ofschloss stinn. A klenge Gruppen kënnt dir do mat jeeweils zwee vun hire Memberen iwwert verschidden Theemegebidder diskutéieren, all am Kader vum Sprong vum Studium an d’Beruffsliewen. No Ofschloss gëtt et nach een Apéro. Mir plangen, all Joers een ähnlechen Event ze maachen, dowéinst limitéiere mir d’Umeldung just op déi Studenten, déi plangen, hiert Studium an den nächsten 2 Semester ofzeschléissen. Aus deem Grond gëllen bei dësem Event ausnamsweis eis APB net. Umelle kënnt dir iech bis den 29. Oktober.
Mir freeën eis an hoffen op ee flotten Event zesumme mam Business Club Lëtzebuerg-Schwäiz!
Äre Comité
Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen