
Lëtzebuerger Studenten Zürech
Eise Club
Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Ob s du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.
Aktivitéiten
Den Zürcher Bal
Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)
SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech
Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern
Kleeserchersowend
Clear the Bottles
Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler
Eng Clubrees am Fréijoer
Grillowend mat Beerpong am Fréijoer
Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt
E Schiweekend
Fir zukünfteg Studenten
Op Zürech kommen
Wann s du am Hierschtsemester 2025 op Zürich studéiere kënns, kanns du gären eisen Gruppen fir zukünfteg LSZ‘ler op Whatsapp an Facebook bäitrieden.

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Säit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kënne sech iwwer 4000 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1. Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéi Momenter ustoussen.
Blog

Clubrees 2021
Leschten Weekend hat den LSZ seng alljärlech Clubrees. Um Programm stoungen: 🇨🇿 eng Visite vu Prag 🍲 e gemeinsaamt Owesiessen 🏞 en Ausflug op d'Bastei 🏰 eng Visite vum Schlass 💃 e gemeinsamen Clubowend Mir bedanken eis bei allen Participanten fir déi super Stëmmung!...

AG Hierscht 2020
D'läscht Woch huet dem LSZ seng traditionell Hierscht-AG stattfonnt, op där eis Bleuen gedeeft goufen an feierlech an den LSZ opgeholl goufen. Dono ass et mat dem normalen Programm vun der Assemblée Générale weidergaangen, op där nieft engem Rapport vun der...
Eise Comité

Lucas Klaassen, William Homer, Pit Hansen, Anne Reckinger, Patrick Weiser, Paul Kersten, Philippe Schaack
Lucca Foresti, Michelle Jost, Michèle Philippe, Charlotte Benck, Filip Marth, Cedric Mulders, Maurice Schmit