
Lëtzebuerger Studenten Zürech
Eise Club
Den LSZ ass de Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen dofir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Ob s du zu Zürech studéiers oder dech un engem Studium zu Zürech interesséiers, du kanns dech beim Comité bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.
Aktivitéiten
Den Zürcher Bal
Sportlech Aktivitéiten (SOLA, Swisscup, …)
SPL, e chicen Owend mat Iessen zu Zürech
Eng Réceptioun beim Ambassadeur zu Bern
Kleeserchersowend
Clear the Bottles
Virstellung, Stee an Aweiung vun neien LSZ’ler
Eng Clubrees am Fréijoer
Grillowend mat Beerpong am Fréijoer
Stammdescher iwwert dat ganzt Joer verdeelt
E Schiweekend
Fir zukünfteg Studenten
Op Zürech kommen
Wann s du am Hierschtsemester 2025 op Zürich studéiere kënns, kanns du gären eisen Gruppen fir zukünfteg LSZ‘ler op Whatsapp an Facebook bäitrieden.

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass den Zürcher Bal. Säit 1959 organiséiert den LSZ de 25. Dezember säin traditionellen Zürcher Bal. All Joers kënne sech iwwer 4000 lëtzebuergesch Studenten no engem laangen an ustrengenden Hierschtsemester um 1. Chrëschtdag an engem chice Kader rëmgesinn a mat enger Coupe Cremant op déi schéi Momenter ustoussen.
Blog

SPL 2022
Wat an engem gudde LSZ Joer natierlech net feelen dierf, dat ass eis extraordinär SPL! An dësem schicke Kader ware mir an der Zunfthaus zur Meise wou mir eis all en gudden 3 Gäng Menü schmaache gelooss hunn a gudde Lëtzebuerger Wäin a Crément gedronk hunn😋 Néi war...

Clubrees 2022
Leschte Weekend war déi faméis Clubrees op Bologna🇮🇹Nodeems den éischten Dag den Tuerm zu Bologna erklomme souwéi owes den Club onsécher gemaach gouf, ass et den Dag drop op Modena an de Ferrari Musée gaangen. Owes ware mir dunn gutt iessen a konnten eis eng ganz...
Eise Comité

Lucas Klaassen, William Homer, Pit Hansen, Anne Reckinger, Patrick Weiser, Paul Kersten, Philippe Schaack
Lucca Foresti, Michelle Jost, Michèle Philippe, Charlotte Benck, Filip Marth, Cedric Mulders, Maurice Schmit