Visite Paul Wurth
ETH Zentrum Rämistrasse 101, Zurich, Zurich, SwitzerlandLeif LSZ’ler, Seit en puer Joren zielt Paul Wurth schonn zu den Sponsoren vun eisem Cercle an an dësem Kader kommen si hir Büroen op Zürech presentéieren. Mat iwwer 1700 Employéen an Actviteiten an ronn 20 Länner, gehéiert Paul Wurth zu deenen gréissten Ingenieursbüroen zu Lëtzebuerg. Fir weider Informatiounen am Virfeld, kanns du dech gearen […]
3-Schichten Iessen
Commihalle Stampfenbachstrasse 8, Zürich, SwitzerlandDu hues dest Joer um Zürcher Bal 3-Schichten geschafft. Fir deen Owend, wous du hues misse schaffen, an dei aaner sech amuseiert hun rem wett ze maachen, feiere mir elo zesummen d'3-Schichten Iessen. Dëst fënnt dest Joer den 22. Abrell an der Comihalle statt, an et wärt en Pasta-Plausch ginn mat enger Boule Glace. Falls […]
Clubrees 2020
Lugano Via alla Foce 14, Muzzano, Ticino, SwitzerlandLéif Memberen, Mir hoffen dir genéisst är Vakanz, lol! Fir besser duerch d'Léierphase ze kommen, huet sech den Comité eppes extraes fir iech afalen gelooss: Mat engem brandneien Konzept (Clubrees meets Wanderweekend) an engem ongewéinlechen Datum huelen mer eis, leider verpassten, Rees aus dem Mee direkt um Start vum Semester no an kombinéieren se direkt mat […]
Beerpong
GZ Höngg Limmattalstrasse 214, Zürich, Zurich, SwitzerlandEt ass erem Zäit fir en legendären Owend fir d‘fro ze klären: Weieeng 2 LSZ‘ler sinn d’BeerPong Kings 2020? Wann och Dir wëllt bei eisem Tournoi matmaachen dann mellt Iech hei an desem Forms un. D‘Plazen sinn limitéiert also maacht iech bei! Iwwerleet iech en originellen Teamnumm, dat kéint iech en klengen Preis abrengen. […]
Stammdësch
Aya Bar Hardstrasse 260, Zürich, Zurich, SwitzerlandDuerch déi aktuell Situatioun sinn mer gezwongen den Stammdësch bessen manner spontan ze organiseieren, dowéinst wieren mer frou wanns de dech hei kiins unmellen ;) Wei emmer iwwerhellt den LSZ déi éischt puer Ronnen, mir freen eis schon drop!
Kulturausfluch
Lindt Home of Chocolate Schokoladenplatz 1, Kilchberg, Zürich, SwitzerlandLéif LSZler, Wéi schonn ugekënnegt maache mir Samschden, de 7. November eise Kulturausfluch. Et geet an d’Lindt House of Chocolate zu Kilchberg. Mir maachen do d’Choco-Deluxe Féierung wou mir d’Produktioun vu Schockela erkläert kréien an och Saache schmaache kennen. D’Féierung fänkt um 13:30 un an dauert ongeféier bis 15:00. Mir bieden iech dofir um 13:15 bei der Entrée ze sinn. Wann der […]
Visite en ligne – CDCL
Microsoft TeamsLéiw LSZler, den 1. Dezember, dat heescht nächsten Dënschden, um 5 Auer, hält d'CDCL, d'Compagnie De Construction Luxembourgeoise, een vun eisen wichtegsten Sponsoren, dem LSZ eng Präsentatioun op Teams wou si sech virstellen an mer Froen kënnen stellen. CDCL Gegrënnt 1979 vun zwee ETH alumni, ass d'CDCL mat ronn 500 Employéen een groussen Acteur am Konstruktiounssecteur zu Lëtzebuerg. Mat enger breetgefächerter Panoplie un Projeten, dorënner […]
Kleeschen
Zürich/VirtuellL̶é̶i̶f̶ ̶L̶S̶Z̶'̶l̶e̶r̶,̶ ̶ ̶ L̶e̶i̶d̶e̶r̶ ̶m̶u̶s̶s̶e̶n̶ ̶m̶e̶r̶ ̶*̶i̶n̶s̶e̶r̶t̶ ̶E̶v̶e̶n̶t̶*̶ ̶w̶é̶i̶n̶s̶t̶ ̶d̶e̶r̶ ̶a̶k̶t̶u̶e̶l̶l̶e̶r̶ ̶S̶i̶t̶u̶a̶t̶i̶o̶u̶n̶ ̶o̶f̶s̶o̶e̶n̶,̶ ̶e̶t̶ ̶a̶s̶s̶ ̶l̶e̶i̶d̶e̶r̶ ̶.̶.̶.̶ Nee, haut zielen mer iech léiwer d'Geschicht vum Kleeschen: Deen huet sech en ganzt Joer drop gefreet fir endlech mol rëm bei den LSZ ze kommen, en gudden Béier ze drénken an mat sengem Kolleg, dem Houseker […]
3-Schichten-Iessen
Léiwen LSZ'ler Net eng, net zwou mee dréi Schichten hues du läscht Joer um Zürcher Bal geschafft an hues dir domadder net nëmmen d'Dankbarkeet vum gesamte LSZ, mee och een Iesse verdéngt. Dëst fënnt den 11. Dezember um 19:00 an der Commihalle statt. Um Menü steet ee Pasta-Plausch. D'Iesse wéi och d'Gedrénks ginn op den LSZ. Natierlech […]
Wantersport Weekend
Gruppenferienhaus Raschainas Voa Tgantieni 2A, Lenzerheide, Graubünden, SwitzerlandLéif LSZ’ler, Traditionell geet den LSZ och dës Wantersaison nees an d’Bierger a jauft mat den hëlzene Brieder d’Pisten erof. Natierlech ass eis bewosst, dass déi aktuell Corona-Lag net immens villverspriechend ausgesäit. Allerdéngs ass et fir ons wichteg d’Eventer sou wäit ewéi méiglech ze plangen an zu engem raisonnabelen Zäitpunkt d’Decisioun ze huelen, op d’Aktivitéit […]