Visite en ligne – CDCL

Microsoft Teams

Léiw LSZler, den 1. Dezember, dat heescht nächsten Dënschden, um 5 Auer, hält d'CDCL, d'Compagnie De Construction Luxembourgeoise, een vun eisen wichtegsten Sponsoren, dem LSZ eng Präsentatioun op Teams wou si sech virstellen an mer Froen kënnen stellen. CDCL Gegrënnt 1979 vun zwee ETH alumni, ass d'CDCL mat ronn 500 Employéen een groussen Acteur am Konstruktiounssecteur zu Lëtzebuerg. Mat enger breetgefächerter Panoplie un Projeten, dorënner […]

Free

Kleeschen

Zürich/Virtuell

L̶é̶i̶f̶ ̶L̶S̶Z̶'̶l̶e̶r̶,̶ ̶ ̶ L̶e̶i̶d̶e̶r̶ ̶m̶u̶s̶s̶e̶n̶ ̶m̶e̶r̶ ̶*̶i̶n̶s̶e̶r̶t̶ ̶E̶v̶e̶n̶t̶*̶ ̶w̶é̶i̶n̶s̶t̶ ̶d̶e̶r̶ ̶a̶k̶t̶u̶e̶l̶l̶e̶r̶ ̶S̶i̶t̶u̶a̶t̶i̶o̶u̶n̶ ̶o̶f̶s̶o̶e̶n̶,̶ ̶e̶t̶ ̶a̶s̶s̶ ̶l̶e̶i̶d̶e̶r̶ ̶.̶.̶.̶ Nee, haut zielen mer iech léiwer d'Geschicht vum Kleeschen: Deen huet sech en ganzt Joer drop gefreet fir endlech mol rëm bei den LSZ ze kommen, en gudden Béier ze drénken an mat sengem Kolleg, dem Houseker […]

Free

3-Schichten-Iessen

Léiwen LSZ'ler Net eng, net zwou mee dréi Schichten hues du läscht Joer um Zürcher Bal geschafft an hues dir domadder net nëmmen d'Dankbarkeet vum gesamte LSZ, mee och een Iesse verdéngt. Dëst fënnt den 11. Dezember um 19:00 an der Commihalle statt. Um Menü steet ee Pasta-Plausch. D'Iesse wéi och d'Gedrénks ginn op den LSZ. Natierlech […]

Wantersport Weekend

Gruppenferienhaus Raschainas Voa Tgantieni 2A, Lenzerheide, Graubünden, Switzerland

Léif LSZ’ler, Traditionell geet den LSZ och dës Wantersaison nees an d’Bierger a jauft mat den hëlzene Brieder d’Pisten erof. Natierlech ass eis bewosst, dass déi aktuell Corona-Lag net immens villverspriechend ausgesäit. Allerdéngs ass et fir ons wichteg d’Eventer sou wäit ewéi méiglech ze plangen an zu engem raisonnabelen Zäitpunkt d’Decisioun ze huelen, op d’Aktivitéit […]

Fréijoers AG 2021

Zürich/Virtuell

D' Assemblée Générale vum Fréijoerssemester fënnt de 17. Mäerz 2021 um 19h00 online statt. Fir d' AG méi attraktiv ze maachen, kënnt dir iech bis zu 5 Léit bei engem doheem treffen an d' AG zesumme verfollegen. De Comité bréngt iech dann Verfleegung laanscht (Gedrénks a Snacks). Et brauch sech just 1 pro Grupp unzemëllen. […]

Rallye

Léif LSZ’ler, De 24.04 organiséiert de Comité en Rallye duerch Züri. Op dësem Tour kennt dir äert Kennen unhand vu Spiller ënner Beweis stellen, souwéi dir och unhand vu klengen Challengen um Wee Punkte sammele kennt. Wann dir virun allem an dësen Zäiten eng Ofwiesslung zum Alldag wëllt hunn, ass dëst sécherlech eng top Méiglechkeet. […]

Beerpong an Semesterofschloss

Léif LSZ’ler, lues a lues gëtt et Zäit déi nei Beerpongchampions vir d’Joer 2021 ze kréinen an vir em dësen Titel ze kämpfen soll natierlech keen vun iech feelen!🏆 Dowéinst sidd dir all agelueden Donneschdes den 3. Juni um Beerpongsturneier op der grousser Grillplatz Vitaparcours Zürich Käferberg (via Google Maps fannt dir d'Grillplatz zimmlech einfach) […]

SPL 2021

Mariott Neumühlequai 42, Zurich, Zurich

Léif LSZ'ler, No baal 2 batteren Joeren ouni SPL, ass et endlech nees souwäit! Ech hunn déi grouss Freed iech den 6.November an den Restaurant ze invitéieren. Dir hudd dëst Joër den Choix tëscht 3 Entréen, 3 Haaptplaten an 3 Desserten, soot eis w.e.g. bei Allergien mat Zäiten bescheed. Start ass wei gewinnt um 19:00 […]

70Euro

Intercercle 2021 – Intern

Zürich Zürich, Switzerland

Den 19.11 an 20.11 fënnt wéi all Joer eisen traditionelle Clear-The-Bottles Intercercle zu Zürich statt. Zesumme mat iech stelle mer eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. Wëlls du dobäi sinn? Dann hues du ab Dënschten den 26ten um 12:00 d’Méiglechkeet dech fir den Intercercle mat folgenden Events unzemellen: Freides 19.11 Owes em […]