3-Schichten Iessen

Commihalle Stampfenbachstrasse 8, Zürich, Switzerland

Du hues dest Joer um Zürcher Bal 3-Schichten geschafft. Fir deen Owend, wous du hues misse schaffen, an dei aaner sech amuseiert hun rem wett ze maachen, feiere mir elo zesummen d'3-Schichten Iessen. Dëst fënnt dest Joer den 22. Abrell an der Comihalle statt, an et wärt en Pasta-Plausch ginn mat enger Boule Glace. Falls […]

Beerpong

GZ Höngg Limmattalstrasse 214, Zürich, Zurich, Switzerland

Et ass erem Zäit fir en legendären Owend fir d‘fro ze klären: Weieeng 2 LSZ‘ler sinn d’BeerPong Kings 2020? Wann och Dir wëllt bei eisem Tournoi matmaachen dann mellt Iech hei an desem Forms un. D‘Plazen sinn limitéiert also maacht iech bei! Iwwerleet iech en originellen Teamnumm, dat kéint iech en klengen Preis abrengen.   […]

Stammdësch

Aya Bar Hardstrasse 260, Zürich, Zurich, Switzerland

Duerch déi aktuell Situatioun sinn mer gezwongen den Stammdësch bessen manner spontan ze organiseieren, dowéinst wieren mer frou wanns de dech hei kiins unmellen ;) Wei emmer iwwerhellt den LSZ déi éischt puer Ronnen, mir freen eis schon drop!  

Kulturausfluch

Lindt Home of Chocolate Schokoladenplatz 1, Kilchberg, Zürich, Switzerland

Léif LSZler, Wéi schonn ugekënnegt maache mir Samschden, de 7. November eise Kulturausfluch. Et geet an d’Lindt House of Chocolate zu Kilchberg. Mir maachen do d’Choco-Deluxe Féierung wou mir d’Produktioun vu Schockela erkläert kréien an och Saache schmaache kennen. D’Féierung fänkt um 13:30 un an dauert ongeféier bis 15:00. Mir bieden iech dofir um 13:15 bei der Entrée ze sinn. Wann der […]

EUR27

Visite en ligne – CDCL

Microsoft Teams

Léiw LSZler, den 1. Dezember, dat heescht nächsten Dënschden, um 5 Auer, hält d'CDCL, d'Compagnie De Construction Luxembourgeoise, een vun eisen wichtegsten Sponsoren, dem LSZ eng Präsentatioun op Teams wou si sech virstellen an mer Froen kënnen stellen. CDCL Gegrënnt 1979 vun zwee ETH alumni, ass d'CDCL mat ronn 500 Employéen een groussen Acteur am Konstruktiounssecteur zu Lëtzebuerg. Mat enger breetgefächerter Panoplie un Projeten, dorënner […]

Free

Kleeschen

Zürich/Virtuell

L̶é̶i̶f̶ ̶L̶S̶Z̶'̶l̶e̶r̶,̶ ̶ ̶ L̶e̶i̶d̶e̶r̶ ̶m̶u̶s̶s̶e̶n̶ ̶m̶e̶r̶ ̶*̶i̶n̶s̶e̶r̶t̶ ̶E̶v̶e̶n̶t̶*̶ ̶w̶é̶i̶n̶s̶t̶ ̶d̶e̶r̶ ̶a̶k̶t̶u̶e̶l̶l̶e̶r̶ ̶S̶i̶t̶u̶a̶t̶i̶o̶u̶n̶ ̶o̶f̶s̶o̶e̶n̶,̶ ̶e̶t̶ ̶a̶s̶s̶ ̶l̶e̶i̶d̶e̶r̶ ̶.̶.̶.̶ Nee, haut zielen mer iech léiwer d'Geschicht vum Kleeschen: Deen huet sech en ganzt Joer drop gefreet fir endlech mol rëm bei den LSZ ze kommen, en gudden Béier ze drénken an mat sengem Kolleg, dem Houseker […]

Free

3-Schichten-Iessen

Léiwen LSZ'ler Net eng, net zwou mee dréi Schichten hues du läscht Joer um Zürcher Bal geschafft an hues dir domadder net nëmmen d'Dankbarkeet vum gesamte LSZ, mee och een Iesse verdéngt. Dëst fënnt den 11. Dezember um 19:00 an der Commihalle statt. Um Menü steet ee Pasta-Plausch. D'Iesse wéi och d'Gedrénks ginn op den LSZ. Natierlech […]

Wantersport Weekend

Gruppenferienhaus Raschainas Voa Tgantieni 2A, Lenzerheide, Graubünden, Switzerland

Léif LSZ’ler, Traditionell geet den LSZ och dës Wantersaison nees an d’Bierger a jauft mat den hëlzene Brieder d’Pisten erof. Natierlech ass eis bewosst, dass déi aktuell Corona-Lag net immens villverspriechend ausgesäit. Allerdéngs ass et fir ons wichteg d’Eventer sou wäit ewéi méiglech ze plangen an zu engem raisonnabelen Zäitpunkt d’Decisioun ze huelen, op d’Aktivitéit […]

Fréijoers AG 2021

Zürich/Virtuell

D' Assemblée Générale vum Fréijoerssemester fënnt de 17. Mäerz 2021 um 19h00 online statt. Fir d' AG méi attraktiv ze maachen, kënnt dir iech bis zu 5 Léit bei engem doheem treffen an d' AG zesumme verfollegen. De Comité bréngt iech dann Verfleegung laanscht (Gedrénks a Snacks). Et brauch sech just 1 pro Grupp unzemëllen. […]