Pubcrawl 2024
Schiffbau Bar Schiffbaustrasse 4, Zurich, SwitzerlandLéif LSZ’ler, Fir iech är Examen vergiessen ze loossen, luede mir iech mat grousser Freed op eisen traditionelle Pubcrawl an. 🍸🍹 Mir starten dat Ganzt nächsten Donneschden, den 22. Februar em 20:00 beim Schiffbau. De genaue Programm vun de Baren wäert nach nokommen. Domadde mir jidderengem eng grouss Vilfalt u Gedrénks ubidde kënne froe mir […]
Schiweekend 24
Torgon Route des Fours 3, Torgon, SwitzerlandLéif LSZ’ler, Fir iech an der ustrengender Léierphase bei Laun ze halen an iech ze motivéieren nach de Januar a Februar z’iwwerstoen hu mir eng gutt Noriicht fir iech: De Schiweekend 2024 steet virun der Dier! Dëst Joer geet et op Torgon am wonnerschéine Wallis, wat am Schigebitt Les Portes du Soleil, dem zweet […]
LSZ meets Afrez – Pubquiz
Léif Leit, Mir hunn eis geduecht, et wier flott sech emol mat engem anere Cercle vum VSETH zesummenzedoen - dofir hunn mir den 16.03.2024 mat der Afrez (Association Francophone des Étudiants de Zürich) e Pubquiz mat open End organiséiert. Dat Ganzt fënnt an eisem geliibten Loch Ness statt. De Pubquiz fänkt um 20h00 un (sidd […]
3-Schichten-Iessen 2024
Santa Lucia Paradeplatz Waaggasse 5, Zürich, SwitzerlandLéiwen LSZ'ler, wei schon ugekennegt fënnt en Donnesden 18. Abrëll um 19:30 am Restaurant Santa Lucia (Adresse: Waaggasse 5, 8001 Zürich, Schweiz) d'3-Schichten Iessen vum Zürcherbal 2023 statt. Fir dass mir wessen mat weivill Leit mir kenne rechnen bieden mer dech, dech bis en Meinden den Owend (15.4) unzemellen, wous du och direkt den Menu […]
Budapest 2024
Léif LSZler, An e puer Wochen ass et nees esou wäit, d’Clubrees 2024 steet virun der Dier. Dëst Joer traue mer eis e bëssi méi wäit ewech vun Zürech, an zwar fuere mer duerch fënnef Länner der Donau no bis an d’Haaptstad vun Ungarn, op Budapest. Mir wäerten Donneschdenowend, de 25. Abrëll den […]
Sola 2024
Léif Leefer a Leeferinnen, D’Ouschtervakanz ass wei ëmmer nees ze kuerz gewiescht an et geet direkt nees weider mam Summersemester, dat heescht awer och dass wei all Joers erëm d'SOLA stattfënnt. D'SOLA ass e Staffellaf vum ASVZ iwwert 114,77km, opgedeelt a 14 Etappen, den duerch ganz Zürech geet. Dat ganzt fënnt dëst Joer de 4. […]
SPL 2024
Zunfthaus zur Meisen Münsterhof 20, Zurich, SwitzerlandLéif LSZ’ler, Mir hunn déi grouss Freed iech den 18. Mee an d'Zunfthaus zur Meisen (https://www.zunfthaus-zur-meisen.ch/) op d’SPL ze invitéieren. Bei dëser SPL wäert et nees de Fall sinn, dass och Alumnien, also LSZ’ler, déi viru mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbrénge wäerten. Dir hutt […]
SPL 2024 Alumni
Zunfthaus zur Meisen Münsterhof 20, Zurich, SwitzerlandLéif Alumnis vum LSZ, Fir de Kontakt tëscht den LSZler an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen, invitéiere mir Iech ganz häerzlech den 18. Mai op eis traditionell SPL. D’Konzept vun der SPL sollt deene meeschten nach bekannt sinn: En 3-Gang-Menü an enger schicker Ambiance mat, aus Lëtzebuerg importéiertem, Wäin a Cremant fir den ETH […]
Stammdesch Uetlibierg 2024
Léif LSZler Gläich ass et endlech sou wäit, e Samschden, de 25. Mee gi mir fir eise leschte Stammdësch vum Semester op den Uetlibierg, fir uewen ze grillen. Dofir treffe mer eis um 15 Auer beim Triemli, fir dann all zesumme rop ze trëppelen. Sidd weg pünktlech an huelt ee Rucksak mat. Et wäert provisoresch […]
Beerpong Tournoi 2024 – intern
Léif LSZler, Geschwënn ass d Semester schonn erëm laanscht, dat heescht dass et och erëm Zäit fir eisen alljärleche Beerpongtournoi gëtt. Mir mussen dëst Joer dofir suergen, dass mir eis Coupe vu leschtem Joer erëm verteidegen. Schnappt iech also ären Beerpong Partner a kommt, den 30. Mee um 18 Auer bei d’Holderbachhütte um Hönggerberg, fir […]