SPL 2021

Mariott Neumühlequai 42, Zurich, Zurich

Léif LSZ'ler, No baal 2 batteren Joeren ouni SPL, ass et endlech nees souwäit! Ech hunn déi grouss Freed iech den 6.November an den Restaurant ze invitéieren. Dir hudd dëst Joër den Choix tëscht 3 Entréen, 3 Haaptplaten an 3 Desserten, soot eis w.e.g. bei Allergien mat Zäiten bescheed. Start ass wei gewinnt um 19:00 […]

70Euro

Intercercle 2021 – Intern

Zürich Zürich, Switzerland

Den 19.11 an 20.11 fënnt wéi all Joer eisen traditionelle Clear-The-Bottles Intercercle zu Zürich statt. Zesumme mat iech stelle mer eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. Wëlls du dobäi sinn? Dann hues du ab Dënschten den 26ten um 12:00 d’Méiglechkeet dech fir den Intercercle mat folgenden Events unzemellen: Freides 19.11 Owes em […]

Intercercle 2021 – Extern

Zürich Zürich, Switzerland

Den 19.11 an 20.11 fënnt wéi all Joer eisen traditionelle Clear-The-Bottles Intercercle zu Zürich statt. Zesumme mat iech stelle mer eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. Wëlls du dobäi sinn? Dann hues du ab dem 29. Oktober 12:00 d’Méiglechkeet dech fir den Intercercle mat folgenden Events unzemellen: Freides 19.11 Owes em 18:00 […]

3-Schichten Iessen

Commihalle Stampfenbachstrasse 8, Zürich, Switzerland

Léiwen LSZ’ler Net eng, net zwou mee dréi Schichten hues du läscht Joer um Zürcher Bal geschafft an hues dir domadder net nëmmen d’Dankbarkeet vum gesamte LSZ, mee och een Iesse verdéngt. Dëst fënnt den 04. Dezember um 19:00 an der Commihalle statt. Um Menü steet ee Pasta-Plausch. D’Iesse wéi och d’Gedrénks ginn op den LSZ. Wann […]

LSZ Schlittschong 2021

Dolder Kunsteisbahn Adlisbergstrasse 36, Zürich, Zurich, Switzerland

  Ho ho ho, Nodeems ech lescht Joer perséinlech bei Iech heem koum, hunn ech mir dëst Joer afale gelooss, mat Iech den 10. Dezember um 18:00 direkt op der Schlittschongpiste um Dolder een flotten Owend ze verbréngen, an duerno zesummen op den Chrëschtmaart eppes iessen an drénken zegoen! Ech suergen dëst Joer net nemmen vir Glühwäin, mais natierlech hunn ech och […]

Wantersportweekend 2022

Léif LSZler,  et gëtt lues a lues Zäit seng holzen Brieder ze preparéieren, well vum 4. bis 6. Mäerz  geet den LSZ nees an d’Bierger a jauft zesummen d’Pisten erof a Richtung Apres - Ski.   Dëst Joer geet et an d’Skigebitt Andermatt - Sedrun - Disentis, wou mir de Chalet Rheinquelle ganz vir eis eleng […]

Zürcher Luft

Léif LSZler,  Mat grousser Virfreed invitéieren mir iech alleguer Samschdes, den 30. Abrëll op eist nächst (Gönner)Event “Zürcher Luft”. Lass geet et samschdes Mettes um 14:00 bei der Tramstatioun Triemli wou mir eis all zesummen treffen, d’Iessen an d’Gedrenks ënnert eis LSZler opdeelen, an dann den Uetlibierg eropwanderen. Uewen um Bierg gëtt dann zesummen gegrillt […]

Sola 2022

D'Sola ass eng Staffel duerch Zürich. En Team besteet aus 14 Leefer déi zesummen eng Gesamtstreck vun 113.85km lafen. D'Strecke sinn teschend 3.71 km - 14.09 km laang. 2 Strecke sinn obligatoresch fir Fraen. Gitt dowéinst am beschten är Beschtzäit op 5 km oder 10 km un, sou dass mir d'Leefer optimal op de verschiddene Strecke kënnen opdeelen. Bei weidere Froe kënnt […]

Bologna 2022

Léif LSZler,   Geschwënn ass et endlech esou wäit, eis Clubrees 2022 steet virun der Dier! Dëst Joer féiert eis eis Rees an d’Haaptstad vun der norditalienescher Regioun Emilia-Romagna, an zwar an déi wonnerschéi Stad Bologna.    Mir fueren Freidegmoies, den 13. Mee, vum Zürecher HB mam Zuch bis op Bologna, wou mir am Hostel […]

Beerpong & Semesteroofschloss

Zürich Zürich, Switzerland

Leif LSZler, well sech dëst Semester sou lues dem Enn zouneigt, gëtt et och gläich Zäit fir eist lescht Event vum Semester: den alljärlechen Beerpong Tournoi an Semesteroofschloss. Schnaapt iech also ären Beerpong Partner an ergräift är Chance fir déi nei Beerpongchampions fir d’Joer 2022 ze ginn. Des wäerten den 2. Juni op der grousser […]