Events
-
-
Stammdësch Uetliberg 2026
Léif LSZler, Fir onse leschte Stammdësch vun dësem Semester gi mir den 23. Mee op den Uetliberg, wou mir dann zesumme grillen. Dofir treffe mer eis um 15 Auer beim Triemli, fir dann all zesumme rop ze trëppelen. Sidd weg pünktlech an huelt ee Rucksak mat. Et wäert provisoresch bis 20 Auer goen. Dëst Joer […]
-
Grillen & Beerpong 2026
Als leescht Event vun eisem Semester invitéiere mir iech nach op den dësjärege Beerpongtournoi den 28. Mee um 18:00h. Wei ëmmer gëtt an 2er Teams gespillt woubäi mir och dëst Joer de Fribletz an d'AELL invitéieren. Fir Gedrénks a Gegrills wäert och gesuergt sinn, soudass mir den Owend gemittlech kennen ausklénge loossen. Wann dir wëllt […]
-
-
First Contact 2026
Alumni Quattro Lounge Stefano-Franscini-Platz 5, Zürich, SwitzerlandDen LSZ invitéiert dech häerzlech op de First Contact, wou mir dech kenneléiere kennen, an e flotten Owend verbréngen.
-
Rencontre mam Jean-Claude Juncker
Widder Hotel Rennweg 7, Zürich, Zürich, SwitzerlandLéif LSZ'ler, Den 22. September hu mir d'Éier, den Ex-Premierminister an Ex-President vun der Europäescher Kommisioun Jean-Claude Juncker zu Zürech ze empfänken. Dat ganzt wäert a Form vun engem Frühstück am Widder Hotel an der Alstad um 9:15 stattfannen. D'Plaze si begrenzt. Mir freeën eis, Äre Comité
-
Stee 2026
Léif Bleuen, E Mëttwoch den 30. September ass et endlech esou wäit! Bei der Stee léiert dir äre Pätter oder är Giedel kennen, déi iech duerch äert éischt Semester an déi nächst Eventer begleede wäerten. Dofir treffe mir eis um 17:00 Auer virum Living Science um Campus Hönggerberg. Denkt dru pünktlech do ze sinn an […]
-
-
Wanderweekend 2026
Léif LSZ'ler, Fir de Wanderweekend 2026 geet et an de schéinen Appenzell. Dës Kéier de Weekend vum 3.-4. Oktober. Mir wäerten eis mam ëffentlechen Transport op Appenzell begi vu wou aus mir starten an erop op d'Mesmeralp wanderen. Um Wee hu mir d'Méiglechkeet déi berüümte Saxer Lücke ze gesinn, esou wéi herno (jee no […]
€35.00 -
Tour en Ville 2026
ETH Zentrum Rämistrasse 101, Zurich, Zurich, SwitzerlandLéif Bleuen, E Mëttwoch de 7. Oktober geet et fir Iech schonn op äert zweet Event wou mir Iech déi schéi Stad an där dir lo lieft emol richteg weisen. Dofir wäerte mir um 17h00 op der Polyterrasse beim ETH Haaptgebai starten. Ditt Kleeder un déi kenne knaschteg ginn a bréngt nei Ënnerwäsch, Kleeder an […]
-
Daf 2026
No der flotter Stee an dem Tours en Ville gëtt et lo endlech Zäit fir är Daf. Dat ganzt fënnt de Freiden de 16. Oktober um 17:00 am HXE nieft dem Lochness statt. Dëst Event ass ganz wichteg, fir dass dir endlech gedeeft a soumat richteg LSZ'ler gitt . Bréngt är Duschsaache, frësch Ënnerwäsch an […]
-
Rencontre Mme Obertin
ETH Zentrum Rämistrasse 101, Zurich, Zurich, SwitzerlandLéif LSZ‘ler, De 27. Oktober kréie mir Besuch vun der Madame Stéphanie Obertin, eis Ministesch fir Digitalisatioun an den Enseignement supérieur. Bei dëser Geleeënheet kënne mir hir déi Schwieregkeeten, déi mir als Schwäizer Studenten erliewen, erklären. Si wëll virun allem wëssen, wéi de Staat eis besser an eisem Studenteliewen hei an der Schwäiz ënnerstëtze kann […]
-
-
Diskussiounsowend mam Business Club Lëtzebuerg-Schwäiz
Léif LSZ’ler, De 5. November hu mir um 18:00 zesumme mam Business Club Lëtzebuerg-Schwäiz eng Soirée organiséiert, déi spezifesch fir déi Studenten ass, déi kuerz virum hirem Ofschloss stinn. A klenge Gruppen kënnt dir do mat jeeweils zwee vun hire Memberen iwwert verschidden Theemegebidder diskutéieren, all am Kader vum Sprong vum Studium an d’Beruffsliewen. No […]