• Clear the Bottles 2025

    Léif Frënn vum LSZ, Vum 14.-15. November fënnt eisen traditionellen Intercercle de Clear the Bottles zu Zürech statt. Zesumme mat iech stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. De Programm gesäit follgendermoossen aus: - Freides de 14.11 um 18:30: Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Loogarten mat Wäin, […]

  • Clear the Bottles 2025 – Intern

    Léif LSZ’ler, Vum 14.-15. November fënnt eise legendären Intercercle de Clear the Bottles statt. Zesumme mat eise Kollegen aus villen anere Stied, stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. De Programm gesäit follgendermoossen aus: - Freides de 14.11 um 18:00: Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Loogarten mat […]

  • Pubquiz & Stammdësch

    Leif LSZ'ler, De 27.11 invitéiere mer ob eise lëschte Stammdësch vum Semester. Wei schonn ugekënnegt, organiséiere mer e Pubquiz! Dat ganzt geet um 19:00 am GZ Buchegg un, wou der äert Trivia-Wëssen ënner beweis stellen kennt. De Pubquiz selwer geet bis ongeféier 21:30. Dono gi mer dann nach weider an e Café, fir dass och […]

  • Kleeschen a Schlittschung 2025

    Léif LSZ’ler, D'nächst Woch ass et sou weit an de Kleesche kennt! Well der alleguerten dat ganzt Joer sou gutt geschafft hutt, invitéiert heen iech de 04.12 op d'Schlittschungpist Heuried (Wasserschöpfi 71, 8055 Zürich). Do gitt der mat Glühwäin verwinnt an nom Schlittschung fuere geet et nach op de Chrëschtmaart fir eng gutt Raclette.   Fir dass de […]

  • Tournoi de Noël 2025

    Léif Sportler a Sportlerinnen, Wéi all Wanterpaus, fënnt och dëst Joer den Tournoi de Noël erëm statt. Mir sinn och dës Kéier an all de Sportaarte vertrueden. Den 22.12 maache mir beim Volleyball a beim Basketball mat an den 23.12 dann natierlech och am Fussball. Wéi dir warscheinlech awer schonn all matkritt hutt, sinn déi […]

  • Umeldung Schichten Zürcher Bal 2025

    Leif LSZ'ler, och dëst Joer si mir beim Op- an Ofriichte souwéi och um Owend selwer vum Zürcher Bal op är Hëllef ugewisen. Dir kennt iech hei fir d'Schichten umellen.

  • Zürcher Bal 2025 – Lëschtekeess

    Hei nach eng Kéier déi wichteg Punkten aus der Email resuméiert.1. Kontrolléier, dass du op der ACEL-Lëschtekeess stees.2. Mell dech mat deem Numm un, wéi en an der Comitéthéik steet.3. Umeldungen si bis de 18. Dezember um 21h00 op.4. Ouni Umeldung kënne mir dech just nach era loossen, wa mir genuch Kapazitéit hunn.5. Wann deng […]

  • Visitt R3 Robotics

    Léif LSZ’ler, Den 26. Februar steet eng ganz besonnesch Visitt um Programm. R3 Robotics invitéiert eis op e Patt. R3 Robotics ass eng innovativ Firma, déi sech op modern Robotik an intelligent Automatiséierungsléisunge spezialiséiert huet. Ab 18:30 am HG E3 erwaart eis e spannenden an zukunftsorientéierte Programm. Um Agenda stinn: eng Aféierung an d’Welt vun […]