• Wanderweekend 2025

    Léif LSZ’ler,Wéi schonn annoncéiert fënnt de 27-28. September eise järleche Wanderweekend statt. Do wandere mir vu Grindelwald bis rop op d’Glecksteinhütte, a wann nach Zeit am Dag iwwereg bleift, weider bis op de Sommet. D’Nuecht verbrénge mir do an der Hütt, wou vir Owes a Moiesiesse gesuergt ass. An den Dag drop heescht et bis […]

  • Stee 2025

    Léif Bleuen, E Mëttwoch den 1. Oktober fänkt äert éischt Event un. Bei der Stee fannt dir e Pätter oder eng Giedel, déi iech duerch äert éischt Semester an déi nächst puer Eventer leeden. Dir fannt eis um 17h00 virum Living Science um Campus Hönggerbierg. Ditt anstänneg bzw. al Kleeder un, iesst eppes vir a […]

  • Tour en Ville 2025

    ETH Zentrum Rämistrasse 101, Zurich, Zurich, Switzerland

    Léif Bleuen, E Mëttwoch den 8. Oktober geet et fir Iech schonn op ärt zweet Event wou mir Iech déi schéi Stad an där dir lo lieft emol richteg weisen. Dofir wäerte mir um 17h00 op der Polyterrasse beim ETH Haaptgebai starten. Ditt Kleeder un déi kenne knaschteg ginn a bréngt nei Ënnerwäsch, Kleeder an […]

  • Daf 2025

    ETH Hönggerberg Einsteinstrasse 4, Zurich, Zurich, Switzerland

    Léif Bleuen, No der flotter Stee an dem Tours en Ville gëtt et lo endlech Zäit fir är Daf. Dat ganzt fënnt de Freiden de 17. Oktober um 17:00 am HXE nieft dem Lochness statt. Dëst Event ass ganz wichteg, fir dass dir endlech gedeeft a soumat richteg LSZ'ler gitt. Bréngt är Duschsaache, frësch Ënnerwäsch […]

  • Clear the Bottles 2025

    Léif Frënn vum LSZ, Vum 14.-15. November fënnt eisen traditionellen Intercercle de Clear the Bottles zu Zürech statt. Zesumme mat iech stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. De Programm gesäit follgendermoossen aus: - Freides de 14.11 um 18:30: Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Loogarten mat Wäin, […]

  • Clear the Bottles 2025 – Intern

    Léif LSZ’ler, Vum 14.-15. November fënnt eise legendären Intercercle de Clear the Bottles statt. Zesumme mat eise Kollegen aus villen anere Stied, stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. De Programm gesäit follgendermoossen aus: - Freides de 14.11 um 18:00: Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Loogarten mat […]

  • Pubquiz & Stammdësch

    Leif LSZ'ler, De 27.11 invitéiere mer ob eise lëschte Stammdësch vum Semester. Wei schonn ugekënnegt, organiséiere mer e Pubquiz! Dat ganzt geet um 19:00 am GZ Buchegg un, wou der äert Trivia-Wëssen ënner beweis stellen kennt. De Pubquiz selwer geet bis ongeféier 21:30. Dono gi mer dann nach weider an e Café, fir dass och […]

  • Kleeschen a Schlittschung 2025

    Léif LSZ’ler, D'nächst Woch ass et sou weit an de Kleesche kennt! Well der alleguerten dat ganzt Joer sou gutt geschafft hutt, invitéiert heen iech de 04.12 op d'Schlittschungpist Heuried (Wasserschöpfi 71, 8055 Zürich). Do gitt der mat Glühwäin verwinnt an nom Schlittschung fuere geet et nach op de Chrëschtmaart fir eng gutt Raclette.   Fir dass de […]

  • Volley Afternoon 2025

    ASVZ Sporthalle Hönggerberg Robert-Gnehm-Platz 1, Zurich, Zurich, Switzerland

    Léif LSZ’ler, Wéi dir warscheinlech scho wësst hu mir dëst Joer leider keng Plaz fir d'Volleynight kritt. Dofir proposéiere mir iech awer heimadder eng flott alternativ, fir dass dir d'Volleyballspillen net vermësst. Dat ganzt fënnt Samsden den 13.12 am ASVZ Hönggerbierg statt, wou vu 14 bis 17 Auer Zäit ass fir Volleyball ze spillen. Ob […]