Wanderweekend 2024
Hallo léif LSZler, wéi der hoffentlech net vergiess hutt gi mer den 28-29 September an d'Bierger wanderen. Mir géife moies den 28. um 7:00 de Bus um Höngg huelen an den Dag drop den 29. am spéiden Nomëtteg erëm zeréck fueren. Schlofe géife mir an der Glecksteinhütte. Mir hu Plaz fir 20 Leit, denkt dofir drun iech direkt unzemellen wann dir wëllt matkommen. Fir d'Iessen ass gesuergt der misst just en eegene Schlofsak […]
TeV 2024
Léif Bleuen, E Mëttwoch den 9. Oktober geet et fir Iech schonn op ären zweeten Event wou mir Iech déi schéi Stad an der dir lo lieft emol richteg weisen. Dofir wäerte mir um 17h00 op der Polyterrasse beim ETH Haaptgebai starten. Ditt Kleeder un déi kenne knaschteg ginn a bréngt nei Ënnerwäsch, Kleeder an […]
AG Hierscht 2024
WhatsApp Grupp: https://chat.whatsapp.com/IjIIDZnDDYsCep3evVkuoP
PwC meets LSZ – 30. Oktober 2024
ETH Zentrum Rämistrasse 101, Zurich, Zurich, SwitzerlandPwC refers to the PwC network and/or one or more of its member firms, each of which is a separate legal entity. Please see www.pwc.com/structure for further details. Liability limited by a scheme approved under Professional Standards Legislation. PwC Luxembourg strives to build trust in providing audit, tax and advisory services in ways that protect the […]
Proximus Visitt – 6. November 2024
Alehouse Universitätstrasse 23, Zürich, SwitzerlandLéif LSZ’ler, Geschwënn steet déi zweet Visitt an dësem Semester vun engem vun eise Sponsoren un. De 6.11. däerfe mir den Alexis Briois vu Proximus Luxembourg S.A hei zu Zürech begréissen. Proximus, Mammekonzern vun ënner anerem Tango, ass eng Grupp, déi zu de féierenden Ubidder vun Internet, TV an ICT Servicer an der Belsch gehéiert. […]
Intercercle 2024 – Intern
Léif LSZ’ler, Vum 15.-17. November fënnt eise legendären Intercercle de Clear the Bottles statt. Zesumme mat eise Kollegen aus villen anere Stied, stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. De Programm gesäit follgendermoossen aus: Freides de 15.11 um 18:30: Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Hirzenbach mat Wäin, […]
Visitt TR Engineering – 20. November
Alehouse Universitätstrasse 23, Zürich, SwitzerlandLéif LSZ’ler, Den 20. November steet déi lescht Visitt vun dësem Semester vun eisem Goldsponsor TR-Engineering un. D'Pauline Kremer, LSZ-Alumni, kennt zesumme mat Mataarbechter op Zürich, fir eis eng spannend Presentatioun ze halen. TR-Engineering gouf am Joer 1988 gegrënnt a fokusséiert sech zënterhier op d'Planung an d'Ëmsetzung vun Infrastrukturprojeten, souwéi op Amenagement- a Entwécklungsprogrammer, zu […]
Volleynight 2024
Hallo léif LSZler, fir dass den 22. op der Volleynight alles klappt an, dass dir och all genuch ze spille kritt hu mir decidéiert just 10 Leit an d'Equippen ze setzen. Dofir geet muer den 1.11. um 18:00 e Forms op an do gellt first come first serve, dofir stellt iech e Wecker 😉. LG Pit
Kleeschen a Schlittschong 2024
Léif LSZ'ler, och dëst Joer krute mir vun de Rendéiere geflüstert, dass den Houseker a natierlech och de Kleeschen op iech opmierksam gi sinn an e puer Iwwerraschunge fir iech hunn. Dofir invitéieren si iech de 5. Dezember häerzlech op d'Schlittschongpist um Dolder, vu wou et da weider op de Chrëschtmaart geet an dir mat […]
Kleeschen an der Ambassade
Ambassade Bern Thunplatz 52, Bern, SwitzerlandLéif LSZ’ler, Nodeems dir vum Houseker op der Schlittschongpiste bestrooft gouft, gitt dir trotzdeem alleguerten den Dag drop belount. De 6. Dezember invitéiert déi lëtzebuergesch Ambassade zu Bern d’Schwäizer Cerclen op ee Kleeschersowend voller gudder Chrëschtdag-Spezialitéite wéi Wäin a Schockela. Fir datt dir de Wee op Bern awer net nëmme maacht, fir vum Ambassadeur verwinnt […]